"Mir wëllen extra streng sinn"
En Donneschdeg de Moie war d'Jugendstrofrecht Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir si frou, datt déi Texter elo endlech do sinn an hoffen a sinn zouversiichtlech, datt se an den nächste Méint och ugeholl ginn, dat sot de Charel Schmit den Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun iwwer d’Reform vum Jugendstrofrecht.
Déi Reform schleeft zanter Joren. Jugendschutz a Jugendstrofrecht solle getrennt ginn. Déi nei Texter ginn an déi gutt Richtung. Et gi vill Verbesserungen, mä et ginn och “Bemolen”, fënnt den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. Hien hofft, datt d’Chamber nach Verbesserunge mécht am Sënn vun de Kannerrechter.
Déi nei Texter gesi vir, datt e Jonke scho mat 13 Joer “strofmündeg” ass. De Charel Schmit fënnt dat net gutt, arbiträr a wëssenschaftlech net fondéiert. Et wär net nëmmen e Schéinheetsfeeler, mä géif weisen, wéi “aus dem Bauch eraus” eng “tough on crime”-, eng “tough on kids”-Politik versicht gëtt, gemaach ze ginn. Den UN-Kannerrechtscomité proposéiert 14 Joer. Et wär och net koherent, well ënner Eed dierft een dem neie Gesetz no eréischt mat 15 aussoen. An anere Beräicher géif ee ganz vill op international Gremie lauschteren, mä wann et ëm d’Kannerrechter geet, da géife mer dat an de Wand schloen. "De Rabatt op de Kannerrechter muss endlech eng Kéier ophalen", huet eisen Invité ënnerstrach.
Schued fënnt den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher et och, datt déi extra Reegelung, fir 18 bis 21-Järeg nach nom Jugendstrofrecht kënnen ze verurteelen, am neien Text fale gelooss gouf. "Mir wëllen extra streng sinn", sou de Charel Schmit.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.