Fléie wäert méi deier ginn
E Freideg de Moie war d'Luxair Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Luxair huet dës Woch dee beschten operationelle Benefice an de leschten 20 Joer mat 10 an enger hallwer Millioun Euro annoncéiert. Zejoert huet déi national Airline 2,6 Millioune Passagéier transportéiert. Eleng am Vakanzesegment gouf et e Plus vu 7 Prozent. De Generaldirekter Gilles Feith huet sech e Freideg de Moien bei eis als Invité vun der Redaktioun deementspriechend zefridde gewisen. Et hätt een et fäerdeg bruecht, d'Luxair nei opzestellen, mat neie Fligeren, neien Destinatiounen an engem neien Hangar.
D'Luxair hätt nach ëmmer grousse Succès an d'Vakanze mam Fliger géife sech net méi eleng op de Summer konzentréieren. Déi gutt Chiffere wäerten dëst Joer awer net ze hale sinn, sou de Luxair-CEO. Fir dëst Joer preparéiert sech d'Fluchgesellschaft op eng Perte.
"Fléie kann net näischt kaschten"
Et géif alles méi deier ginn an d'Luxair géif probéieren, net alles op d'Ticketspräisser dropzeschloen. Als regional Airline wier dat awer alles anescht wéi einfach. Zanter 2019 wieren d'Ticketspräisser manner séier eropgaange wéi den Index, sou de Gilles Feith, deen awer net verstoppe konnt, datt Fléie mat der Luxair mëttel- bis laangfristeg méi deier gëtt.
Fléie sollt "keng Convenience sinn", sou de Gilles Feith, mä eppes Extraes. D'Fléie kéint net näischt kaschten. De Gilles Feith huet betount, datt all Consommatioun sollt responsabel sinn an och an Zukunft méi deier ginn. Mä et sollt och méi deier gi fir d'Klima- a Sozialobligatiounen anhalen ze kënnen. Wann een de Lëtzebuerger Sozialmodell gär hätt, misst een och duerfir bezuelen.
Petroliere beräichere sech beim E-Fuel
Zanter dësem Joer muss d'Luxair, wéi all aner europäesch Airline och, hire Fligeren zu op mannst 2 Prozent mat sougenanntem Biofuel, also "nohaltegem Kerosin" tanken. Et wier ee sech senger Verantwortung beim Klimawandel bekannt. D'Luxair an d'Cargolux hätte sech dozou engagéiert, bis 2050 CO2-neutral ze sinn, mä de Gilles Feith iergert sech iwwert déi grouss Präisënnerscheeder.
Et wiere relativ absurd Präisser um Maart a grouss geografesch Diskrepanzen. Duerfir wier een och a Kontakt mat der EU-Kommissioun. Petroliere géife sech zum Deel beräicheren. An Italien géif eng Tonn CO2-neutrale Fuel wesentlech manner kaschten, wéi hei zu Lëtzebuerg. Dat wier net an der Rei. Hei missten iwwerall déi selwecht Konditioune spillen, fuerdert de Gilles Feith. De Marché vum Co2-neutrale Sprit misst sech elo mol developpéieren.
2 Prozent "Biokkerosin" dëst Joer wiere schonn ambitiéis fir d'Luxair. Reng technesch kéinten d'Fligere vun der Luxair-Flott elo schonn zu 50 Prozent mat net fossillem Brennstoff fléien. Dat wier net de Problem. Mä et misst een déi Saach propper organiséieren. Fir de Gilles Feith missten och déi syntheetesch Brennstoffer eng grouss Roll spillen. De sougenannten E-Fuel. A virun allem misst een d'Leit an d'Entreprise mathuelen.
Den Tram op de Findel gëtt substantiell genotzt schonn
Ugeschwat op déi alt méi ugespaanten Zoustänn a laang Waardezäiten an der Aerogare zu de Spëtzenzäiten, huet de Gilles Feith betount, et hätt een eng immens gutt Collaboratioun mam Findel. Datt den Tram elo op de Fluchhafe fiert, wier eng "super Offer". An déi géif och substantiell genotzt. D'Parkingsituatioun wier dëst Joer bis elo nach ni ugespaant gewiescht. Dëst Joer hätt ee wesentlech manner Problemer.
Am internationale Verglach géif de Lëtzebuerger Fluchhafen "extrem gutt" funktionéieren. Et géif zu verschiddenen Stousszäiten, zum Beispill freides, wuel méi e bëssche méi lues goen. Mä net méi lues, wéi am Ausland.
Luxair bezilt Ausbildung, fir Piloten ze rekrutéieren
Zanter 2023 streckt d'Luxair d'Käschte vun der Piloteformatioun fir, fir Leit déi bei si schaffe kommen. An Héicht vu bal 90.000 Euro. Dat wier awer en Investissement an d'Zukunft. Déi "Cadet-Ausbildung" hätt e ganz grousse Succès an esou géif ee vill gutt Leit aus der Groussregioun kréien, sou eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.