Sozial Medien&KI: Groussen Defi fir Droits d'auteur
E Mëttwoch de Moie war den Droit d'auteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’sozial Medie géinge praktesch suggeréieren, dass Contenu gratis ass. Dass een en einfach kéint kopéieren a weiderleeden. Dat ass awer meeschtens net de Fall. Deemno verstoussen all Dag sëllege Leit géint Droits d’auteur, ouni sech deem iwwerhaapt bewosst ze sinn, seet de Gérard Scheiwen. Den Direkter vu Luxorr, enger Associatioun déi sech fir d'Protektioun vun der Propriété intellectuelle asetzt, war e Mëttwochmoien eisen Invité vun der Redaktioun. Hien zitéiert d’Beispill: "Mäin Noper huet e schéinen Auto, dee steet elo an der Afaart, de Schlëssel hänkt drop. Dat gëtt mer d'Recht, dass ech den Auto ka kucken, mee et gëtt mer net d'Recht, dass ech mech drasetzen a mat deem Auto duerch d'Géigend fueren, ouni dass ech op d’mannst froen." An dat wier de Problem vun de soziale Medien. Et gi Kopië gemaach, egal ob digital oder um Pabeier, an déi ginn da verbreet, ouni ze froen, kritiséiert den Invité.
Eng Kopie am privaten Ëmfeld maachen: gesetzlech Grozon
Generell géing een ënnerscheeden tëscht dem Droit primaire, also dem Recht, dat een zum Beispill kritt wann ee sech e Buch oder eng Zeitung keeft, fir de Contenu ze liesen. Den Droit secondaire wier d’Recht, dat ee kéint kafen, fir d’Zeitung oder d’Buch dierfen ze kopéieren. Do kéime sougenannt Verwäertungsgesellschafte wéi d’Luxorr (fir Press, Bicher a Fotographie), d’Sacem (fir Musek) an d’Algoa (fir den Audiovisuell) an d’Spill.
Méi schwiereg wier er a punkto "Copie privée". Dat wier eng Grozon. D’Gesetz vum 18. Abrëll 2001 géing nämlech virgesinn, dass een an engem privaten Ëmfeld kann eng Kopie maachen, allerdéngs wier d’Konditioun dofir, dass den Auteur eng Remunération équitable kritt. An do léich hei am Land d’Kromm an der Heck, well dozou gëtt et kee Règlement Grand-Ducal, kritiséiert den Direkter vu Luxorr.
KI-Modeller hunn iwwer Joerzéngte Contenuen onerlaabt ofgegraast
Och d'Kënschtlech Intelligenz mécht an deem Kontext Suergen. Zanter 2024 hätt d’EU zwar een "AI Act" mat dem d’Fournisseure vu KI Modeller nogeluecht kréien, responsabel ze handelen, mee de géing ëmmer méi verwässert ginn. Eigentlech stéing do dran, dass de Copyright op nationalem an internationalem Niveau misst respektéiert ginn, mee d’Formulatioun "effort raisonable" wier einfach ze vill flou.
Donieft missten d’Fournisseure vu KI-Modeller transparent sinn an opweisen, wéi eng Contenue si benotzen, fir hir KI-Modeller ze fidderen. Deementspriechend misste grouss Firme wéi Google, Microsoft an OpenAI zouginn, dass se iwwer déi lescht Joerzéngten den Internet mat Text- an Data-Mining ofgegraast hunn an dat benotzen. Dat wier extrem kriddeleg a géing si och vill ze deier ginn.
Et brauch méi Sensibiliséierung
Der Politik misst een noleeën, dass et hei ëm d’Interessi vun Auteuren an hirer Konscht geet vun där si liewen. Et bräicht Transparenz. Dozou géing den zoustännege Ministère meeschtens soen, dass et Equiliber an der Transparenz bräicht. An do stellt sech d’Luxorr d’Fro: wou läit den Equiliber? Beim Auteur, dee seng Rechter wëll schützen oder bei de Fournisseure vu KI-Modeller?
D'Politik an d'Leit misste generell nach méi sensibiliséiert ginn, datt net alles gratis wier a vill Auteure vun hire Contenue misste liewen. "A mir mussen natierlech och kucken, do ëmmer erëm eng Kéier e Wee ze fannen, wéi mer déi Membere vun deene Verwäertungsgesellschafte kënne fair remuneréieren. Dat geet nëmmen iwwer Gesetz an Exekutioun", gëtt de Gérard Scheiwen ze bedenken.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.