Am Kader vun enger Konferenz mam Wolfgang Dahmen an der BNL waren e Freidegmoien d'Siebenbürger Sachsen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Wolfgang Dahmen

Kommen d’Siebenbürger Sachsen a Rumänien aus Lëtzebuerg? Déi Fro beäntwert de Romanist Wolfgang Dahmen mat "jein".

Dobäi geet et ëm eng Communautéit, déi sech vun der Mëtt vum 12. Joerhonnert un a Rumänien, ëm Hermannstadt, haut bekannt als Sibiu, ugesidelt huet an een Dialekt schwätzt, deen dem Lëtzebuergesche gläicht. Fir d’éischte Kéier opgefall wier dat dem Jesuittepater François-Xavier de Feller, deen Enn vum 18. Joerhonnert a Rumänien ënnerwee war. Zanterhier zirkuléiert d'Thees, déi Leit kéinte vu Lëtzebuerg sinn. Ma et wier wëssenschaftlech net méiglech, no bal engem Joerdausend esou eng Relatioun nëmme wéinst Änlechkeeten an der Sprooch z’etabléieren. Et koume sécherlech Siidler aus dem haitege Lëtzebuerg, mee och aus anere Regiounen an duerch Bestietnisser an d’Mobilitéit misst ee vun enger Vermëschung ausgoen:
 
"Der Glaube, dass man nach nach 600-700 Jahren noch eine genau auf sprachlichen Quellen basierende Verwandtschaft feststellen kann, ist natürlich irgendwo illusorisch."

Et ginn haut nach ronn 20.000 Siebenbürger Sachsen

Dass dës Minoritéit als "Sachsen" bezeechent gëtt, hätt sozialpolitesch Grënn. An et misst een drun erënneren,  dass déi Däitsch an déi Däitschsproocheg am Ausland dacks als "Sachse" bezeechent géifen a vun de Fransousen als "Alemannen". Am Finneschen an am Estneschen heescht Däitschland zum Beispill "Sachsa".  Nom 2. Weltkrich gouf bei enger Vollekszielung a Rumänien nach e Grupp vu 600.000 Däitschen an Däitschsproochege gezielt. Dat wieren zum gréissten Deel Siebenbürger Sachsen, mee och d’Banater Schwaben. Bei der leschter Vollekszielung 2021 waren et just nach 20.000 Däitschsproocheger. Dat géing heeschen, dass d’Grupp ëmmer méi marginal ginn ass. Ursprénglech sinn d’Leit op Siebenbürgen geplënnert, well se geruff gi waren, fir dat Gebitt viru Barbaren an Antichrëschten ze verdeedegen. Well si dat "christliche Abendland" verdeedegt hunn, krute si steierlech Virdeeler an aner Privileegien.

Firwat gëtt um Mythos festgehalen?

Och wa bis haut net gewosst ass, wou d’Siebenbürger Sachse genee hierkommen, wieren doraus enk Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Rumänien entstanen. Grad an dëser Zäit, wou Europa zesummewiisst, wier et wichteg, dass et esou Relatioune gëtt, och wa se vläicht op enger falscher Prämiss berouen, erkläert de Professer Dahmen. Zu Hermannstad, haut Sibiu, wier jo och ee Lëtzebuerger Haus opgeriicht ginn, mat der Hëllef vum Grand-Duché an 2007 waren Hermannstadt a Lëtzebuerg parallel Kulturhaaptstied an Europa. Doduerch wieren d’Relatioune gewuess an et wär interessant, de méigleche Lien weider ze beliichten.

Kann een dohanne wierklech nach Lëtzebuergesch mat de Leit schwätzen? Dat wier éischter wéineg probabel. Et misst een déi Leit fir d’éischt Mol fannen an dat wier och éischter déi eeler Generatioun, well vill vun de Jonken hätten nom Enn vum kommunistesche Regimm Siebenbürgen a Rumänien verlooss. "Die Zeit unter Ceausescu war nun wirklich keine besonders schöne",  erkläert de Wolfgang Dahmen. Eng Rees dohi wär awer allemol flott.

Méi zu dësem Sujet kënnt Dir e Freidegowend um 18 Auer an der BNL gewuer ginn. Hei ass de Wolfgang Damen Deel vun enger Konferenz zu genee dësem Thema. Méi Infoen zur Konferenz fannt Dir hei.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.