E Méindeg de Moie waren d'Gewerkschaften Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Patrick Dury

Sief et bei de Kollektivverträg oder bei de Pensiounen: D’Gewerkschafte ginn ignoréiert, aus dem Dossier erausgedréckt an nëmmen nach iwwer d’Press informéiert, dat huet den Nationalpresident vum LCGB, de Patrick Dury, e Méindeg als Invité vun der Redaktioun festgehalen. Dofir missten den LCGB an den OGBL elo zesummeschaffen.

D’Gewerkschaften hunn dem Premier d’lescht Woch op enger Pressekonferenz e Bréif geschriwwen, an deem si matdeelen, dass se bis op Weideres u kengem Dialog méi deelhuelen, et sief an der Form vun der Tripartite, wou Gewerkschaften, Patronat a Regierung sech an engem institutionaliséierte Kader gesinn. 
Eng Äntwert vum Premier Luc Frieden gouf et bis lo awer net. Fir de Patrick Dury läit de Ball elo beim Premier. Et hätt een eng ganz Rëtsch Entrevuë gehat, ma duerno wier een an der Ried zur Lag vun der Natioun virun Tatsaache gestallt ginn, och bei der Pensiounsreform:

"Mir hunn am Oktober véieranzwanzeg eng ganz Rei vu Propositiounen der Regierung ënnerbreet, sief et iwwert d'Cotisatiounen, sief et iwwert den Déplafonnement, iwwert alternativ Finanzéierungsmoyenen. Mir kréien haut eppes dohinner geluecht, wat absolutt net deem entsprécht mat deem, wat mir u sech proposéiert hunn. Do ass emol bis haut nach net mat eis driwwer geschwat ginn. (…) Et ass eis elo duergaangen."

Mindestloundirektiv: soll den Duerchschnëttssalaire no ënne gerechent ginn?

E weidere Sträitpunkt kéint och d'Ëmsetze vun der europäescher Mindestloundirektiv ginn: Déi gesäit vir, dass de Mindestloun bei 60 Prozent vum Median-, respektiv 50% vum Duerchschnëttssalaire soll leien. Dat wieren 2.900, respektiv 3.100 Euro brutto beim onqualifizéierte Mindestloun. Dee läit zu Lëtzebuerg aktuell do drënner an zwar bei ronn 2.700 Euro, ass awer zanter Januar 2025 steierfräi.

Wéi d’Tageblatt gemellt hat, géif den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV) elo d'Fonction publique an den 13. Mount aus der Rechnung eraushuelen an domat hätt Lëtzebuerg d’Konditioune vun der Direktiv schonn erfëllt. Sollt dat geschéien, wier dat fir den LCGB-Nationalpresident e Skandal:

"Do gesäit een u sech, doduerch, dass d'Fonction publique net méi dran ass, ka Lëtzebuerg dann all Krittär anhalen. Do gesäit een u sech, wéi gewalteg dee Gruef zwësche Fonction publique a Secteur privé lo ginn ass. An dee Gruef gëtt duerch esou eng Politik jo nach méi grouss, wann een de Mindestloun dann net wëll opbesseren. Dat heescht, dat wat ech haut an deem Ganzen zréckhalen, dat ass och duerch déi Approche vun der Regierung, dass d'sozial Apartheid hei am Land eng Realitéit ass an dass se elo offiziell confirméiert ginn ass duerch deen dote Gest vun der Regierung, well se u sech emol net méi wëllen iwwer d'Fonction publique do schwätzen."

Wéi een de Mindestloun schlussendlech opbessere géif, ob iwwert de renge Brutto-Loun oder duerch Steierkreditter, doriwwer kéint een diskutéieren. Op alle Fall kéint dat Thema nach e Grond weider sinn, mengt de Patrick Dury, fir den 28. Juni op d'Strooss ze goen. Do hunn OGBL an LCGB zu enger grousser Maniff opgeruff.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.