En Donneschdeg de Moie war d'Nominatioun vum Gerson Rodrigues a Gewalt géint Fraen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D‘DP-Deputéiert Mandy Minella war erstaunt, dass et keng weider Konsequenze vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun géint de wéinst Kierperverletzung verurteelte Spiller Gerson Rodrigues gouf.

Dat sot déi fréier Tennisprofi am RTL-Interview en Donneschdeg de Moien iwwert déi rezent Nominéierung vum Futtballnationalspiller Gerson Rodrigues, obschonn dee wéinst haislecher Gewalt verurteelt gouf. Der Mandy Minella no geet et wäit iwwer de Sport eraus, wann ee fir Lëtzebuerg spillt. Et hätt een eng Virbildfunktioun. Dowéinst hätt d'FLF missen e kloert Zeeche setzen, fir ze weisen, dass esou e Behuele keng Plaz am Sport an an eiser Gesellschaft huet. 
D‘DP-Deputéiert seet dat an enger Zäit, wou d'Gewalt géint Frae géif zouhuelen. An de Staat och dofir vill investéiert huet, zum Beispill an de Centre national pour victimes de violences oder den Aktiounsplang géint geschlechtsspezifesch Gewalt. 
Keng Reaktioun vun der FLF géif heeschen, dass sportlech Resultater iwwert allem stéingen. Mä et géif méi wichteg Saachen am Liewen ginn, wéi de sportleche Succès, betount déi fréier Tennisprofi. D'Mandy Minella hätt sech op d'mannst erwaart, dass de Gerson Rodrigues net selektionéiert gëtt a sech éierlech entschëllege géing.

Propos vun enger Ethik-Charta

Wärend d'LSAP an déi gréng richteg Konsequenze fuerderen an den Olympesche Comité an de Sportsministère opfuerderen, der FLF d‘Lewitten ze liesen, well déi hirem Optrag net méi géif gerecht ginn, hält d‘DP-Politikerin sech mat esou Revendicatiounen éischter zeréck. Och si huet awer beim Sportminister Georges Mischo nogefrot a proposéiert, eng Ethik-Charta am Lëtzebuerger Sport anzeféieren, wéi déi franséisch Futtballfederatioun se huet.

Virbildfunktioun och fir Gemengepolitiker

D'Mandy Minella ass deemno der Meenung, de Futtballer Gerson Rodrigues hätt seng Virbildfunktioun missen assuméieren. E Verglach mat der Affär vum Escher DP-Schäffe Pim Knaff, dee wéinst Steierdelikter verurteelt gouf, an awer net vu sengem politesche Mandat zeréckgetruede war, léisst d'Mandy Minella allerdéngs net gëllen. Hire Parteikolleeg hätt jo mat der Justiz kooperéiert a sech entschëllegt. Net ewéi de Gerson Rodrigues, esou déi fréier Profisportlerin.

Beim Match e Freideg, dréckt d'Mandy Minella de Roude Léiwen allerdéngs d'Daumen. Sport misst gefeiert ginn, fënnt si. Um Terrain hätt Politik hirer Meenung no näischt verluer.

Beweegung bei Jonken

En éischte perséinleche Succès an der Politik gesäit d‘Mandy Minella an hirer Interpellatioun an der Chamber iwwer d‘Beweegung vu Schülerinnen a Schüler. Dofir hat si mat villen Acteuren um Terrain geschwat, fir erauszefannen, wéi een déi Jonk tëscht 11 an 18 Joer vun deene bal all Fënnefte staark iwwergewiichteg ass, besser un de Sport kritt. Hir Propose wäre beim Educatiounsminister Meisch gutt ukomm an an Zukunft géifen zum Beispill an de Maison Relaisen zwou Stonne Sport den Dag offréiert ginn.

Invité vun der Redaktioun Mandy Minella

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.