En Dënschdeg de Moie war d'Politik vun der DP-CSV-Koalitioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Hei ass ee Chaos nom aneren, eng falsch Demarche no der anerer. An ech mengen do feelt et der Regierung e bëssen u Fürung". Dat seet den Oppositiounspolitiker Georges Engel en Dënschdeg de Moien iwwer déi rezent Politik vun der Regierung. Sief et Pensiounen oder déi zwee Gesetzprojeten iwwer d'Sonndesaarbecht an iwwer d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce déi vum Staatsrot d'lescht Woch nawell gepeffert Avise kruten.
Et wier normal, dass et an enger Koalitioun Divergenze gëtt. Mee et misst diskutéiert ginn, iert ee mat engem Gesetzprojet un d'Ëffentlechkeet geet. Hei wier fir d’éischt eppes lancéiert ginn an duerno diskutéiert ginn, kritiséiert den LSAP-Deputéierten. "Déi heite Regierung, déi mécht eppes an da geet se domat eraus, da léisst se hir eege Leit quasi déi Projeten do zerrappen." Dat wier souwuel bannent der CSV wéi och bannent der DP de Fall.
 
Soziale Réckschrëtt
Wat de Gesetzprojet iwwer d'Sonndesaarbecht ugeet, dee vum CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo kënnt, huet de Georges Engel keen Heel draus gemaach, dass hien d'Aarbecht vu sengem Nofollger net appreciéiert. "Wann ech esou een Avis kritt hätt, da géif ech mer d’Fro stellen, ob ech op der richteger Plaz sinn." De Gesetzestext gouf vum Staatsrot als Réckschrëtt kritiséiert an dem Georges Mischo wier d'Envergure vun der Ännerung wuel net bewosst. D'Sonndesaarbecht vu 4 op legal 8 Stonnen eropzesetzen, dobäi géif een un d'Fundamenter vum Aarbechtsrecht goen. Donieft wier et jo och scho méiglech fir haut 8 amplaz vu 4  Stonnen ze schaffen, wann een dat an engem Kollektivvertrag reegelt. Et misst een sech de Konsequenze vun esou engem Projet bewosst sinn. Fir dat gesellschaftlecht Liewen, de Sport,  d’Kultur an d’Familljeliewen. De Georges Engel huet d'Impressioun, d'Regierung wéilt d'Leit déi schaffe fir e bësse méi ze verdéngen, bestrofen. Dowéinst géing se am Sënn vum Patronat och d'Kollektivvertragswiesen attackéieren.
 
E fundamentale Réckschrëtt

Dem Wirtschaftsminister Lex Delles säi Gesetz iwwer d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäite krut ganzer dräi formell Oppositiounen am Avis vum Staatsrot. De Georges Engel denkt awer, dass den DP-Politiker dowéinst Amendementer virhuele wäert. Allerdéngs géif och dee Projet de loi weisen, dass d'CSV-DP Regierung, ouni sech ënnerteneen ofzeschwätzen, mat Pläng an d'Ëffentlechkeet géif goen, fir duerno Marche arrière ze maachen. Duerno stéing dann nees alles zur Debatt. Dat wär keng gutt Politik, esou den LSAP-Politiker.
 
Et ass schued dass de Foussball a Verruff kënnt

Als fréiere Sportminister, kritiséiert de Georges Engel d’Lëtzebuerger Futtballfederatioun. D'FLF misst am Verwaltungsrot a sech goen an dat eegent Virgoen an d'Kommunikatioun am Fall Rodrigues hannerfroen. Déi rezent  Entschëllegung, wéinst dem Virfall mat de Bannere wärend dem Lännermatch e Freideg, géif net duergoen, betount de Georges Engel.  D'FLF misst u sech schaffen. D'Selektioun vum verurteelte Gerson Rodrigues hätt net dierfe geschéien. Et wier eng op de Bak  vun all deene Leit, déi vun haislecher Gewalt betraff sinn. Den LSAP-Deputéierten huet och betount, dass et en No-Go ass, e Sportjournalist vun engem Rendez-vous mat der Presse auszeschléissen.

De ganzen Interview mam Georges Engel kënnt Dir allzäit bei eis um Site an als Podcast nolauschteren.

Audio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.