E Mëttwoch de Moie war d'Resultat vum Politmonitor Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz, CSV-Fraktiounschef

Sondagë si Momentopnamen. De rezente Politmonitor ass nom État de la Nation a matzen an de Pensiounsdiskussioune gemaach ginn, wat sech duerno och sécher an de Sondagen néiergeschloen huet, dat sot den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun zum schlechte Score vun der Regierung a virop dem Premier Luc Frieden. Et dierft een d'Resultat net ënner- awer och net iwwerbewäerten.
 
Problemer leien an der Form, net am Inhalt 

Fir de Marc Spautz sinn déi schlecht Resultater éischter op d'Form wéi op den Inhalt zeréckzeféieren. A punkto Kommunikatioun wier déi eng oder aner Saach schif gelaf. De Sozialdialog war ëmmer eng Stäerkt vum Lëtzebuerger Modell an Haaptgrond fir de Succès. Dee misst een nees hierstellen an dofir hätt de Luc Frieden fir den 9. Juli eng Reunioun annoncéiert. Ob et elo Tripartite heescht, och eng Dräierronn, wéi de Premier se nennt, wier egal. D'Lëtzebuerger wéilten einfach gesinn, dass een nees mateneen diskutéiert a kommunizéiert. Duerno hätt natierlech jiddereen d'Recht op seng eege Meenung.

Donieft géing ee gesinn, dass am Sondage de Gros vun den Politiker Verloschter maachen a puncto Sympathie a Kompetenz. Dat géing weisen, dass et e Vertrauensbroch gëtt tëscht de Leit an der Politik. An doru misst een elo schaffen an nees eng Vertrauensbasis opbauen.

De Clinch ass net esou schlëmm, wéi et duergestallt gëtt 

Et ass net esou schlëmm, wéi et duergestallt gëtt, dat seet de Fraktiounschef zum Clinch, deen et an de leschte Woche bannent der CSV-Fraktioun gouf zum Sujet Sonndesaarbecht. An enger Vollekspartei wier et normal, dass et ënnerschiddlech Stréimungen gëtt.
 
"Mee dass dat ëmmer op "Biegen und Brechen" gewiescht wier [...].Dat ass net de Fall gewiescht. Mee dass mer do aner Meenungen hunn, ech mengen dat ass gewosst."

Am Gesetzprojet vum Georges Mischo gëtt jo proposéiert, d'Sonndesaarbecht generell vu 4 op 8 Stonnen eropzesetzen. De Staatsrot huet am Avis vum Projet vun engem soziale Réckschrëtt geschwat. A kloer wier hie frou, dass de Staatsrot den Avis esou geschriwwen hätt, seet den CSV-Deputéierten, deen nach eemol betount, dass hien net géint d'Aarbecht um Sonndeg ass, mee dass dat misst an engem Kollektivvertrag festgehale ginn. An et misst och net iwwerall all Sonndeg op sinn. Et muss net si wéi zu Paräis oder London. Et kann och si wéi zu Düsseldorf oder Berlin, wou sonndes de Commerce zou ass, fënnt den Invité.

Kritik vum Staatsrot léisst keen kal 

"Ech ka mer elo net virstellen, dass no deem Avis vum Staatsrot e Projet de loi vun der Sonndesaarbecht esou géif duerchgoen, wéi en de Moment um Dësch läit", sou de Marc Spautz.

D'Kritik vum Staatsrot géing och kee kal loossen a souwuel de Premier wéi och den Aarbechtsminister hätte jo schonn ugedeit, dass een nach doriwwer wäert diskutéieren. Hie géing dovun ausgoen, dass och an der Aarbechtskommissioun an der Chamber, den 2. Juli wäert doriwwer geschwat ginn.

Wat de Projet vum Wirtschaftsminister Delles iwwer d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten ugeet, do wier et jo kloer, dass een iwwer déi 3 formell Oppositioune misst kucken. Ganz allgemeng wier et awer wichteg, dass ee béid Projete matenee kuckt.

"Ech sinn net där Meenung, dass d'Regierung alles falsch mécht"

De Marc Spautz huet och kloergestallt, dass hien natierlech eng gewëss Sympathie fir d'Gewerkschaften hätt, dat wier jo bekannt, mee dass hien net wäert un där Protest-Maniff den 28. Juni vum OGBL an dem LCGB deelhuelen. Hie wier nämlech net där Meenung, dass d'Regierung alles falsch mécht. Och wann hien um Punkt vun der Sonndesaarbecht eng aner Vue hätt, sou géing hien d'Regierung awer bei hirer Aarbecht ënnerstëtzen an hie wier och iwwerzeegt, dass een de Sozialdialog mat de Sozialpartner nees kéint hierstellen.

Zu der Fro ob et eng Eenheetsgewerkschaft brauch, sot de Marc Spautz, dass gewerkschaftleche Pluralismus eigentlech eng gutt Saach wier. Mee hie géing awer verstoen, dass se sech zesummendinn, fir a puncto Kollektivvertrag a Sozialdialog zesummen ze schaffen. Dat wier den A&O vun de Gewerkschaften.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.