E Mëttwoch de Moie war den Noost-Konflikt Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et ass e ganz komplext Thema. D’Situatioun an der Gazasträif wier mëttlerweil inacceptabel an d’Biller aus Gaza net méi z’erdroen. Et misst ee sech d’Fro stellen, ob dat israeelescht Virgoe an der Enklav net disproportionéiert ass, dat sot den DP-Deputéierten Gusty Graas e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass och de President vun der aussepolitescher Kommissioun an der Chamber.
 
Déi humanitär Situatioun an der Gazasträif hätt sech ganz negativ entwéckelt. Drock op Israel wier do, an awer ginn et keng wierklech Konsequenze respektiv Sanktiounen. D’EU géif keng gutt Figur ofginn, bedauert de Gusty Graas. Eng Rei Länner blockéieren Decisiounen, dorënner zum Beispill Däitschland. Israel hätt effektiv eng Rei Feinden. Israel wär awer och ganz selbstbewosst, ganz staark an hätt d’USA hannert sech.
 
Lëtzebuerg géif näischt am "Alleingang" ënnerhuelen, reng Symbolpolitik wéilt een net maachen, huet den DP-Deputéierten erkläert. Tëscht der EU an Israel gëtt et en Associatiounsofkommes. E rezente Rapport sot, datt Israel d’Grondwäerter vun enger Partnerschaft net respektéiert. An awer gouf dat Ofkommes bis ewell net ausgesat. D’EU wier ee vun de wichtegsten Handelspartner vun Israel an deemno kéint een och Drock opbauen. Do wier een awer nees bei der Problematik vun der Unanimitéit an der EU.
 
De liberale Politiker gesäit nach e klengen Hoffnungsschimmer, wann de 15. Juli d’EU-Ausseministeren zesumme kommen. Hien huet och bedauert, datt d’UN-Konferenz wéinst der Eskalatioun tëscht Israel an dem Iran verréckelt gouf. Déi Konferenz misst séier nogeholl ginn. Et wär net déi lescht Chance, mä eng wesentlech Chance. Och wann Israel Oppositioun mécht a keng Zwou-Staate-Léisung wëll.

Invité vun der Redaktioun: Gusty Graas

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.