Staatsbeamtekammer fuerdert genuch Zäit, fir hir Avisen uerdentlech ze maachen
E Freideg de Moie war d'Staatsbeamtekammer Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Staatsbeamtekammer huet an der Persoun vum Mona Guirsch zanter e Méindeg eng nei Spëtzt. D'Däitschproff an Attachée à la direction am Stater Kolléisch iwwerhëlt d'Successioun vum Romain Wolff, dee sech vu lo u just nach op d'Aarbecht fir d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP konzentréiert. Hei sti jo besonnesch déi grouss Projete vun der Pensiouns- an der Steierreform un. Zanter 2018 war d'Mona Guirsch Member am Bureau vun der Staatsbeamtekammer an ass Uganks der Woch eestëmmeg fir déi nächst fënnef Joer gewielt ginn.
Geschlecht war ni e Sujet
D'Mona Guirsch ass déi éischt Fra, déi d'Geschécker vun der CHFEP (Chambre des fonctionnaires et employés publics) leet. Si wier encouragéiert ginn, dee Posten z'iwwerhuelen, sou eis Invitée vun der Redaktioun. Verschiddener hätten hir gesot, datt et "flott" wier, eng Fra als Presidentin vun der Beruffskammer ze hunn. Fir si selwer, déi jo aus dem Enseignement kënnt, wier d'Geschlecht ni en Thema gewiescht. Datt se gefrot gouf, fir d'Presidence vun der Staatsbeamtekammer z'iwwerhuelen, féiert d'Mona Guirsch och éischter op hir Aarbecht zréck, déi se "ganz gewëssenhaft" géif maachen.
Et ass essentiel, datt ee matenee schwätzt
D'Mona Guirsch gesäit sech, par Rapport zu der Gewerkschaftsaarbecht vun der CGFP, éischter am Hannergrond. D'Haaptaufgab vun der Chambre des fonctionnaires et employés publics ass et, Avisen zu de Gesetzprojeten ze schreiwen. Bei den Dräiergespréicher nächste Mëttwoch mat Regierung a Patronat ass si deemno och net derbäi. Et sollt een do keng Vermëschung maachen tëscht der renger Gewerkschaftsaarbecht an der Aarbecht vun der Beruffskammer, sou d'Invitée e Freideg de Moien. Mä et wier natierlech ze begréissen, datt een dem Sozialdialog eng Chance géif ginn. Et wier essentiel, datt ee matenee schwätzt, fir Kompromësser ze fannen. D'Ouverture vun der Regierung bei der Pensiounsreform, huet d'Mona Guirsch explizit begréisst.
"Eis Aarbecht soll respektéiert ginn"
Grad wéi hire Virgänger, fuerdert och déi nei Presidentin vun der Staatsbeamtekammer, datt d'Politik d'Avise vun der Staatsbeamtekammer méi seriö hëlt. Dat géif och heeschen, datt ee genuch Zäit géif kréien, fir en Avis zu engem Gesetzprojet ze schreiwen. Heiansdo géif een do ganz kuerz Delaie gesat kréien. Sou kéint een awer keng qualitativ héichwäerteg Avise schreiwen.
Klimatiséiert Schoulen wieren "absolut wënschenswäert"
D’Gewerkschaftlerin vun der Féduse ass och op déi waarm Schoulen dës Woch ugeschwat ginn. Vill Schüler hate fräi, anerer net an hunn “hëtztfräi” reklaméiert. Et wier een et vum Educatiounsministère gewinnt, datt Schoule selwer kënnen decidéieren, sot d'Mona Guirsch. Et wär een awer frou, wann et eng eenheetlech Decisioun géif ginn, fir all d’Schüler an Enseignanten. Si ënnerstëtzt och klimatiséiert Schoulgebaier, datt d'Gebaier nogerüst ginn, fir d'Qualitéit fir d'Kanner an d'Léierpersonal ze garantéieren. Mä dofir géif warscheinlech d’Geld feelen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.