En Donneschdeg de Moie war d'Sozialronn Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Regierung ass zeréckgeruddert. Si huet op der Sozialronn vun 11 Stonnen, déi vun e Mëttwoch op en Donneschdeg goung, garantéiert, datt se net un d’Kollektivvertragsgesetz geet an d’Gewerkschaften d’Exklusivrecht behale fir d’Kollektivverträg, mä och "accords d’entreprise" ze verhandelen.
 
"Op deem Punkt si mer zefridden", esou d’Presidentin vum OGBL Nora Back als eis Invitée vun der Redaktioun D’Rolle vun de Gewerkschafte bei Kollektivverträg géing méi wäit goen, ewéi de Gewerkschaften hir Daseinsberechtegung. Et géing ëm d’Léin an d’Aarbechtskonditioune vun all de Leit am Land goen. Si gesäit an de Garantië vun der Regierung och keng Konzessioun, mee eng Noutwendegkeet, fir iwwerhaapt elo déi aner Sträitpunkten unzegoen: d’Sonndesaarbecht, d’Mindestloundirektiv oder nach d’Renten.
 
Déi ginn e Méindeg nach emol am selwechte Format ewéi leschte Mëttwoch diskutéiert. Do wier een nach wäit vun engem Akkord, esou d’Nora Back. Dowéinst wier d’Union syndicale och elo Mol just zefridde mat eenzege Punkt, wou d’Regierung en Akkord mat hinne fonnt huet. D’OGBL-Presidentin huet eng nei Maniff oder e Streik och just bis e Méindeg ausgeschloss.

Fir jidderee schwéier Momenter

D’Nora Back huet awer verséchert, datt d’Gewerkschafte bereet sinn, Kompromësser oder Konzessiounen anzegoen. A puncto Renten zum Beispill huet d’OGBL-Presidentin op hir Proposen, déi an engem 130-Säiten-Dokument zesummegefaasst sinn, higewisen, déi sécherlech och net just "Nee, nee, nee" wieren.
 
Dat Selwecht, wat déi aner Punkten an der Aarbechtszäitorganisatioun ugeet, déi d’Sozialpartner déi nächst Méint am Comité permanent du travail et de l’emploi sollen diskutéiert ginn. Wann et an deem Dossier zanter Joerzéngte Blockage gëtt, dat wier dat net just wéinst de Gewerkschaften, mä och, well d’Patronat ëmmer just wéilt, datt d’Leit méi laang schaffen.
 
D’Nora Back huet confirméiert wat de Premier an der grousser Reunioun sot: et ware laang a schwiereg Diskussiounen, mat ëmmer nees Ënnerbriechungen. Et wiere fir jidderee Momenter dobäi gewiescht, wou d’Reunioun hätt kënne platzen.

Invité vun der Redaktioun: Nora Back

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.