E Freideg de Moie waren d'Lëtzebuerger Arméi an déi nei NATO-Ziler Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

E Sonndeg ass Porte-Ouverte um Härebierg. Déi éischt zanter dräi Joer. An deem Kader war e Freideg de Moien de Chef d’état major, de Generol Steve Thull eisen Invité vun der Redaktioun.

D’Porte ouverte wier d’Geleeënheet, fir d’Leit ze gesinn, wéi d’Arméi amgaangen ass, sech nei opzestellen, datt een um richtege Wee wier an d'Suen am Interessi vum Schutz vun der ganzer Populatioun sënnvoll agesat ginn.

Hie géif ganz gutt jidderee verstoen, datt d'Leit sech Gedanken iwwert déi nei Ziler vun der NATO vu 5 Prozent maachen a wat dat fir d'Land bedeit, sou de Chef vun der Arméi. Dat wier "enorm vill Geld". An duerfir wier et ëm sou méi wichteg, datt d'Arméi weist, datt se "behutsam" mat de Suen ëmgeet an datt dat, wat d'Arméi mécht, Sënn mécht. Lëtzebuerg huet sech jo mat um leschten NATO-Sommet dozou engagéiert, bis 2035 5 Prozent an d'Sécherheet z'investéieren (3,5% an d'Defense an 1,5% indirekt Depensen). Dat entsprécht alles an allem 3 Milliarden Euro d'Joer, 9 bis 10 Prozent vum Staatsbudget.

Oprëschtung bitt Méiglechkeete fir Europa

Den Oflaf vum NATO-Sommet a besonnesch d'Aart a Weis, wéi d'Europäer den US-President Donald Trump hoféiert hunn, huet bekanntlech fir Kritik gesuergt. Besonnesch déi amerikanesch Waffen- a Rëschtungsindustrie kéint vun der Oprëschtungsspiral profitéieren, hunn dës Woch verschidde Lëtzebuerger Oppositiounsdeputéiert an der Chamber kritiséiert. Dat wier eng Méiglechkeet, sou de Chef d'état major. De Steve Thull gesäit awer duerchaus Opportunitéite fir Europa, fir selwer méi Waffen ze produzéieren.

Europa bräicht allerdéngs onbedéngt eng Visioun, déi et erlaabt, d'Zukunft vun der Defense zesummen ze gestalten. Déi Hoffnung géif hien net opginn. Et wier e grousse Challenge, mä et misst een déi gemeinsam Maschinerie hei bei eis ukuerbelen, fir eegestänneg ze ginn an net ze vill ofhängeg beispillsweis vun den USA. Den Ament gëtt et an Europa nach ganz vill ënnerschiddlech Waffesystemer, déi och net openeen ofgestëmmt sinn. Dat wier nach ee vun de grousse Problemer.

Wirtschaftlechen Egoismus

Wa jidderee just seng eege wirtschaftlech Interessie kuckt, säin eegene "return on invest", da wier jiddereen egoistesch an da géif een zesummen näischt op d'Rei kréien, sou déi kloer Wierder vum Chef vun der Lëtzebuerger Arméi. Et géifen awer Methode ginn, fir am Interessi vun all de Leit ze handelen. Mam 3,5-Prozent-Zil kéint Europa awer dohinner kommen, fir an Zukunft eng eegestänneg europäesch Defense ze hunn.

Enormen Recrutementseffort: Arméi brauch 600 zousätzlech Zaldoten an Zaldotinnen

Déi nei NATO-Ziler bedeite fir d'Arméi och ee ganz groussen Effort beim Personal. D'Arméi setzt sech haut aus ronn 900 Zaldoten an Zaldotinnen zesummen. Ronn 1.200 Leit am ganzen. An den nächste Joren wäerte mussen 600 Leit zousätzlech agestallt ginn. Eleng 300 fir de gemeinsamen belsch-lëtzebuergeschen Batailloun. Do wier een "sou just on track", seet de Generol. Dat misst d'Arméi also iergendwéi kréien. De Steve Thull huet awer net verstoppt, datt deen zousätzlechen Recrutementseffort alles anescht wéi evident gëtt. Den Etat major wier och amgaangen, sech Gedanken ze maachen, wéi een dohinner ka kommen. An den Detail ass eisen Invité do nach net gaangen.

Eng Schëpp noleeë bei de Paien

De Chef d’état major huet awer drun appelléiert, dass d’Paien an der Arméi fir déi Fräiwëlleg misste gehéicht ginn. Den onqualifizéierte Mindestloun léich bei ronn 2.700 Euro, en Zaldot kritt just 2.200 Euro. Do misst "direkt eng Schëpp nogeluecht" ginn. Och dat géif hëllefen, datt sech méi Leit fir de Beruff interesséieren.

Invité vun der Redaktioun Steve Thull

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.