En Donneschdeg de Moie waren d'Nordstadfusioun an déi global Situatioun zu Ettelbréck Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Ech sinn iwwerzeegt, datt d’Nordstad an eng Fusioun e wichtege Schratt si fir d’Entwécklung vun enger ganzer Regioun." Dat sot den LSAP-Buergermeeschter vun Ettelbréck, de Bob Steichen en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Ettelbréck steet ganz hannert enger Nordstad-Fusioun, genau esou wéi Dikrech a Schieren.
 
Bettenduerf huet sech jo aus de Fusiounsgespréicher zréckgezunn an Ierpeldeng stellt sech och elo deels queesch wéinst enger Wandmillen no bei Bierden. Den Ettelbrécker Buergermeeschter huet bedauert, datt et den Ament eng Pattsituatioun am Gemengerot vun Ierpeldeng gëtt an e Referendum gemaach gëtt. Wat d’Wandmillen ugeet, sot hien, datt ee misst Verantwortung iwwerhuelen an erneierbar Energie wichteg an néideg wier. D’Diskussiounen an d’Plange lafen zanter Joren. De gesetzleche Kader ass ginn, d’Autorisatiounen och. “Wa mer iwwerall Recht kréien, gëtt d’Wandmille gebaut”, sot den Ettelbrécker Buergermeeschter.
 
2029 soll u sech d’Nordstad-Fusioun perfekt sinn. 2027 soll et e Referendum an de 4 Gemenge ginn. Eng Hochzäit zu 4 wär net evident, weess den Ettelbrécker Gemengepapp. Et wär verständlech, datt d’Leit eng Rei Saache kritesch gesinn, mä et misst een d’Virdeeler erklären. Et wär eng administrativ Fusioun, bei där déi 4 Gemengen, déi 4 Verwaltunge fusionéieren. Et géif keen Duerf oder keng Stad seng Identitéit verléieren an och kee Veräi gezwonge ginn, fir ze fusionéieren. Et wéilt een d’Regioun staark maache fir d’Zukunft.

Sollt Ierpeldeng sech um Enn géint eng Fusioun stellen, da wier de Projet Nordstad, wéi en elo geduecht ass, net méi méiglech, gëtt den LSAP-Politiker zou. Ierpeldeng läit tëscht Dikrech an Ettelbréck. 
 
Aner Themen am Interview mam Ettelbrécker Buergermeeschter waren d’Chantieren, d’Sécherheetsgefill an d’LUGA zu Ettelbréck.

Invité vun der Redaktioun Bob Steichen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.