E Freideg de Moie waren déi éischt zwou Sozialronnen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Gespréicher an der Sozialronn sinn net esou gelaf, wéi d‘Patronatsvertriedung sech dat virgestallt hat. Dat huet de President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Betriber, de Michel Reckinger e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun erkläert.

Vun enger Säit wär just blockéiert ginn, woumat de Michel Reckinger d’Gewerkschafte mengt. Virop OGBL an LCGB hätten déi ganz Ronn als Geisel geholl, huet den UEL-President kritiséiert.

De Wuesstemsmotor nees ukuerbelen

Et wär also net un der Zäit, fir d‘Moderniséierung vum Aarbechtsrecht ze blockéieren. Déi wär essentiel wichteg, fir d’Wirtschaft nees ze relancéieren:

"Zanter Joren ass d‘Land an enger Rezessioun an et ginn ëmmer manner Aarbechtsplaze geschaaft.", sou de Michel Reckinger.

Zejoert ass den Emploi ëm grad Mol 1% gewuess, am Privatsecteur souguer just ëm 0,3%. Zu Lëtzebuerg ware soss 3% Hausse beim Emploi normal. Déi ginn och gebraucht, fir d‘Pensiounen ze finanzéieren zum Beispill.

De Wuesstemsmotor géif stocken, beklot de Michel Reckinger, dofir bréicht een nees méi produktiv Stonne wéi an de leschte Joren: Hëlt een de Finanz-Secteur eraus, léich Lëtzebuerg op der leschter Plaz an Europa wat produktiv Stonnen ugeet. An de Betriber gi keng Sue méi verdéngt, warnt de Patronats-Chef. Méi Flexibilitéit am Aarbechtsrecht, zum Beispill modern Reegelen fir e Mix aus Teletravail a Stonnen op der Schaff, wär noutwenneg.

UEL traut sech bei de Pensiounen och un Depensen

Och wat d’Pensiounsreform ugeet, huet d‘UEL aner Iddien ewéi d’Syndikater. Et bréicht een eng staark Reform fir déi jiddereen eppes bäidréint: Dat wären natierlech d‘Patronat, d‘Gewerkschaften an de Staat, awer och d‘Fonctionnairen, an och déi aktuell Pensionnairen, esou de Michel Reckinger.

An d‘UEL wëll net nëmmen un d‘Recetten denken fir d‘Pensiounskeess nohalteg ze gestalten, mä och un d‘Depensen. Et wéilt een d‘Pensiounen net kierzen. Ma de Rentenajustement an d‘Allocation de fin d‘année gesäit de Michel Reckinger als Supplementen, op déi virun allem Leit mat enger héijer Pensioun verzichte kéinten. Déi sollte beispillsweis sozial gestaffelt ginn, esou eng Propos vun der UEL.

En anere Virschlag bezitt sech op d‘Erhéijung vun de Cotisatiounsjoren. Och d‘UEL, proposéiert, dass d‘Leit fräiwëlleg méi laang schaffe ginn, allerdéngs ass déi Fräiwëllegkeet anescht konstruéiert, erkläert de Michel Reckinger: "Komm mir setzen eis op 43 Joer. Wann ee mat 40 Joer wëll goen, kann dat fräiwëlleg maachen. Ma da kritt een eng Décote, also manner an der Pensioun. Mat 43 Joer eng voll Pensioun, mat 40 Joer manner. Och dat kann ee sozial Staffelen. D‘Décote ass bei deen klenge Pensiounen am klengsten."
 
Et war dem Michel Reckinger um Schluss vum Interview wichteg ze ënnersträichen, dass hien d‘Diskussioune mat deene Proposen elo richteg opgemaach hätt. Éischtens ass hie vun de Resultater vun den zwou Sozialronnen net begeeschtert. Zweetens betount hien, dass d‘Informatiounen, déi RTL iwwer d‘Negociatiounen tëscht de Sozialpartner erausfonnt a verëffentlecht hat, d‘Propose vun de Gewerkschafte géife concernéieren. Dofir huet hien elo och déi vum Patronat um Radio präisginn. A sechs Wochen, den 3. September, ginn d‘Verhandlungen an der Sozialronn jo weider.

Diskussiounen iwwer Sonndesaarbecht "Peanuts"

Den UEL-President ass och enttäuscht, dass d‘Regierung bei den Ouvertureszäiten an der Sonndesaarbecht e Réckzéier gemaach hätt. Zwee initial Gesetzprojeten wären vill méi ambitiéis an am Sënn vum Patronat gewiescht, ewéi dat wat elo debattéiert géif ginn, bedauert de Michel Reckinger, ouni weider an den Detail ze goen. Mat de Kollektivverträg hätt dat op alle Fall wéineg ze dinn. Méi laang Ouvertureszäite wären haut schonn Alldag, eben iwwer Derogatiounen gereegelt.
 
Bei der Sonndesaarbecht gëtt RTL-Informatiounen no diskutéiert, dass sonndes méi ewéi véier Stonne ka geschafft ginn, wann dat iwwer en Accord interprofessionnel gereegelt ass.
 
Allerdéngs gesäit d‘Propos vir, dass kleng Betriber dat net mussen iwwer en Accord interprofessionnel reegelen. Wat e klenge Betrib ass, do si sech Regierung a Sozialpartner nach net eens. Eisen Informatiounen no hätt d’Regierung vun ënner 15 Mataarbechter geschwat, well a Betriber vun där Gréisst och keng Personaldelegatioun noutwenneg ass  - wat d’Gewerkschaften akzeptéiert hätten. Ma d’Patronatsvertrieder wären domat net averstane gewiescht: Si hätte léiwer, d’Limitt géing bei bis zu 49 Mataarbechter leien. D’Fro, wou ee sech elo trëfft, wär awer "Peanuts", esou den Invité vun der Redaktioun.

Sonndes 8 Stonne schaffen, kéim virop dem Employé ze gutt, gëtt de Michel Reckinger ze bedenken, well e sech just ee Sonndeg fir 8 Stonnen deplacéiere muss, amplaz op zwee Sonndeger just fir 4.

Invité vun der Redaktioun: Michel Reckinger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.