E Méindeg de Moie war den Handel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Flexibilitéit hunn a kënnen opmaachen, wann de Client kënnt. Dat ass och haut nach d'Haaptfuerderung vum Lëtzebuerger Commerce. Dat sot den Tom Baumert, Direkter vun der Luxembourg Confederatioun, e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Sozialdialog war virun der Vakanz ganz ugespaant, ma d'Geschäftsleit si gespréichsbereet a bräichte wierklech en neit Gesetz iwwert Ëffnungszäiten.

Déi dräi formell Oppositioune vum Staatsrot a punkto Ëffnungszäite gesäit den Tom Baumert manner kritesch: déi Éischt wier reng administrativ, déi Zweet géif soen, dass een Ëffnungszäiten net iwwert de Sozialdialog reegelen dierft, woumat si och averstane wieren, an eng Drëtt géif d'Fro stellen, firwat verschidde Commercë vun de regulären Ouvertureszäiten ausgeholl ginn an anerer net. 

Lëtzebuerger sinn onzefridde mat der Sprooche-Kompetenz am Commerce

Enn Juli hat ILRES eng Etüd iwwer d'Akafsgewunnechte vun de Lëtzebuerger presentéiert. Doran hu sech d'Leit ganz zefridde gewise mat den Ëffnungszäiten. Trotzdeem bräicht et e Gesetz, well d'Etüd géif jo just "eng gefillten Zefriddenheet" moossen, erkläert den Tom Baumert. Wann een elo zu Schengen géing wunnen an eng Tankstell hätt, déi 24 op 24 op ass, da wier een natierlech zefridden. 

Ganz allgemeng hätt Lëtzebuerg eng exzeptionell Offer fir esou e klengt Land. Vill Leit aus der Groussregioun géingen an d'Land kommen, fir anzekafen, virun allem Weekends. Déi Leit wieren och manner kritesch wéi d'Lëtzebuerger, fir déi virop d'Sproochen, déi een am Buttek ka schwätzen, net zefriddestellend sinn. D'Belsch, d'Fransousen an déi Däitsch hätten domat manner e Problem.

International Plattforme wéi Temu oder Shein sinn e Problem

D'gréisste Konkurrenz fir de Lëtzebuerger Eenzelhandel sinn net d'Outleten an der Groussregioun oder d'Stied ewéi Tréier a Metz, mee mëttlerweil wier d'Konkurrenz wierklech international. "D'Konkurrenz ass mëttlerweil éischter Shanghai wéi Tréier", erkläert den Tom Baumert. Den Online-Marché hätt d'Grenze komplett verréckelt. Natierlech hätt den Trend viru 15 bis 20 Joer mat Amazon ugefaangen, mee déi lescht Jore wiere virop asiatesch Plattforme wéi Temu oder d'Plattform Shein fir Fast-Fashion doru Schold. Ëmmer méi Päck géingen zu Lëtzebuerg ukommen an d'Cargolux hätt dat jo och d'lescht Joer confirméiert. Dat wier een europäesche Problem, well déi Plattforme géinge weder Ëmweltkrittären nach EU-Sécherheetsnorme fir Produite respektéieren, an awer géinge se importéiert ginn.

D'Fuerderung vun der Luxembourg Confederation ass kloer, "wann een um Marché an Europa oder och zu Lëtzebuerg verkeeft, da muss ee sech och un déi Reegelen halen, déi et hei ginn." 

De Problem wier déi grouss Mass u Produiten, déi an d'EU erakommen. Do misst ee sech déi néideg Moyene ginn, fir déi schonn op de Grenzen ze kontrolléieren. Dat wier och d'Fuerderung vun "EuroCommerce", dem europäeschen Daachverband, wou d'Luxembourg Confederation Member ass.

Bräicht et dann net ee méi strikt Liwwerkette-Gesetz? Nee, fënnt den Direkter vun der CLC. Et géinge scho genuch Reegele ginn, mee déi misste besser kontrolléiert an ëmgesat ginn. Wat d'Liwwerkette-Gesetz ugeet, wier een net prinzipiell dogéint, mee et wier an der ugeduechter Form e "Pabeiertiger" fir mëttelgrouss Entreprisen an dofir och schwéier ëmsetzbar.

Solde sinn ëmmer nach wichteg

Aus der Etüd vun ILRES géing och ervirgoen, dass 54 Prozent vun de Leit bal e Véierel vun hire Saachen online kafen. Ganz kloer wieren et awer virop déi Jonk, déi massiv online akafen. Ënner 34 Joer wieren et bal 9 vun 10. Et géing een och feststellen, dass ëmmer méi via d'sozial Medie kaaft gëtt. Trotz dem Boom vum E-Commerce géingen d'Solden awer ëmmer nach gutt ukommen, d'Summer an d'Wantersolden erkläert den Tom Baumert. Mëttlerweil wier awer een drëtten Dag nach méi wichteg ginn, nämlech de "Black Friday" deen dat wichtegst Geschäft vum Joer aleet: d'Chrëschtdagsgeschäft. "A sou traditionell Deeg, wéi Mantelsonndeg oder Fréijoersshopping, ginn ëmmer manner wichteg fir d'Geschäftsleit" erkläert den Direkter vun der CLC.

Invité vun der Redaktioun: Tom Baumert

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.