Kulturpolitik vum Trump: "Wäiss mächteg Männer, déi keng historesch Kultur hunn"
E Mëttwoch de Moie war d'Entwécklung vun der Kultur an den USA ënnert dem President Trump Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den Donald Trump huet no senger Offensiv géint déi fräi Universitéiten elo Muséeë vum Smithsonian Institute am Viséier. Den US-President wërft hinnen eng "Ideologie" vir, déi net an der Rei wier, notamment andeems se weise géingen, wéi schlecht d’Sklaverei war. An engem exekutiven Uerder huet den US-President decidéiert, datt Ausstellungen elo Amerika solle positiv duerstellen, soss dierfe se keng Sue méi kréien.
D’Presidentin vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Unesco, d’Simone Beck wollt e Mëttwoch de Moien hei op RTL net vun engem "kulturelle Krich" schwätzen. Fir si wier et e "kulturellen Ëmschwong". Et géing sech lues a lues eng Gesellschaft erauskristalliséieren "vu wäisse, mächtege Männer, déi keng historesch Kultur hunn an déi einfach wëllen hir Muecht an den USA vun haut wirtschaftlech verankeren."
D’Simone Beck huet betount, d’Sklaverei wier nu emol en Deel vun der amerikanescher Geschicht, genee esou ewéi d’Native Americans, déi do waren, iert "d’wäiss Siidler" op de Kontinent koumen. Si huet am Interview ënnert anerem och d’Manéier kritiséiert, ewéi den Donald Trump a säin Entourage d’Frae behandelen oder ugesinn.
Wat d’Simone Beck perséinlech wonnert ass "dat absolut Schweige vun den Demokraten". Si huet gefrot, wou all déi wieren, déi hir Stëmm kéinten erhiewen a soen "et geet elo duer". Si huet d’Presidentschaftskandidatin Kamala Harris oder nach de fréieren US-President Barack Obama als Beispiller genannt.
Natur als Deel vun der Kultur, der Wëssenschaft an der Educatioun
Am Interview e Mëttwoch de Moien hu mer och iwwer d’Zesummenaarbecht tëscht der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Unesco an dem LUGA, dem Luxembourg Urban Garden, geschwat. Op d’Remark, datt den Acronym "Unesco" (United nations educational, scientific and cultural organisation) weder fir Natur, nach Ëmwelt oder Klima steet, huet d’Presidentin vun der Kommissioun erkläert, datt esouwuel Wëssenschaft, Kultur an Educatioun eppes domadder ze dinn hunn.
A Punkto Educatioun wier et evident, datt een haut net méi ka Schoulbildung, Formatioun oder Curricula ubidden, wou net Nohaltegkeet an Ëmweltschutz dra wier. Wat d’Wëssenschaft ugeet, huet si op d’Sciences de la terre higewisen a wat d’Kultur ugeet, op ganz vill Naturelementer am immaterielle Kulturierwen.
Gebaier vun haut, villäicht eng Kéier "en Temoignage" vun der aktueller Architektur
Am Kader vun de Konferenze mam LUGA ass eng iwwert Ëmwelt-Architektur. Ass si dann als Presidentin vun der Kommissioun fir d’Unesco der Meenung, datt dat, wat haut gebaut gëtt, jee ënner Denkmalschutz kënnt? "Ech kann net an eng gliese Kugel kucken", esou d’Simone Beck. Si huet Versailles awer genannt, dat deemools, wéi et gebaut gouf, e "formidabelt modernt Gebai" gewiescht wier an eréischt vill méi spéit Kulturierwe ginn ass.
Nei Citéen oder Quartieren, déi rezent gebaut goufen, wiere villäicht kee Weltkulturierwen, mee et kéint villäicht eng Kéier "en Temoignage si vun der Architektur vun den 20er Joren am 21. Joerhonnert".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.