En Dënschdeg de Moie war d'Gemengepolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Ee groussen Terrain op der enger Säit a vergläichsweis wéineg Awunner, déi awer gären änlech Servicer wéi am urbane Raum hätten op der anerer Säit. Mat där net ganz einfacher Situatioun sinn déi grouss Flächegemenge konfrontéiert. Beispillhaft dofir steet Wëntger, déi flächeméisseg gréisste Gemeng vum Land. De Buergermeeschter Lucien Meyers huet als Invité vun der Redaktioun op déi grouss finanziell Erausfuerderung higewisen. Ma et géing awer och positiv Entwécklunge ginn.

Mee mol ugefaange mat den Erausfuerderungen: Zu Wëntger baut ee grad eng nei Schoul respektiv ee sougenannt Bildungshaus, eng Mëschung aus Schoul a Maison relais. D'Käschte leie bei ronn 45 Milliounen Euro, dat ass méi wéi de Wëntger Budget fir ee Joer. Och am Gesondheetsberäich wëllt ee wuessen an de Centre médical soll ausgebaut ginn. Well een awer zimmlech wäit vun der Ettelbrécker Klinik läit, wier et schwéier Spezialisten ze fannen, déi sech zu Wëntger néierloossen. Beim Drénkwaasser, dat de Leit jo käschtendeckend verrechent muss ginn, ënnerstëtzt de Wëntger Buergermeeschter Lucien Meyers dem fréieren CSV-Deputéierten Aly Kaes seng Fuerderung no engem landeswäit eenheetleche Waasserpräis.

"Ech mengen déi Fuerderung vum Aly Kaes, déi leeft am Norden nach virun, well mir déi sinn, déi am meeschten Infrastrukturen ze leeën hunn. Bei eis sinn dat 27 Dierfer, mir hunn 90 Îloten, dat si Gebaier an der Gréngzon, zum Beispill Häff, déi mat Waasser musse versuergt ginn, wat ee risegen Opwand ass an doduerch klëmmt de Waasserpräis bei eis natierlech immens. Wougéint een et am stättesche Raum méi einfach huet, fir vill Leit op kuerze Strecke mat Waasser ze versuergen."

Och den Traitement vum Ofwaasser, also de Bau vu Kläranlagen, géing an d'Sue schloen. Dowéinst wier ee frou, datt haut net méi verlaangt gëtt, datt eng Kläranlag pro Duerf gebaut gëtt.

Och bei de Gemengefinanzen am Allgemenge géing et an déi richteg Richtung goen. D'Zomm, déi d'Gemengen an de Fonds de l'emploi investéiere mussen, hänkt zanter Kuerzem nämlech vill manner vun der Densitéit vun der Bevëlkerung of.

"D'Gemeng Wëntger war eigentlech dee gréissten Nettozueler an de Fonds de l'emploi, dat huet direkt mat 700.000 Euro ugefaangen, d'lescht Joer hat et 3,5 Milliounen Euro vun eisem Budget verschléckt. Dowéinst ware mer frou, datt dat rëm bëssi méi gerecht verdeelt gouf. Am Moment bezilt all Gemeng zwee Prozent vun hirem Impôt commercial, deen op hirem Territoire erwirtschaft gëtt. Dat ass méi solidaresch an domadder kënne mir och liewen."

D'Gemenge géinge lo och manner dofir "bestrooft", wa se vill Aarbechtsplazen op hirem Territoire hunn. Dat hätt virum allem d'Gemengen am Kanton Clierf mat hire groussen Industriezone betraff.

Wëntger ass eng Fusiounsgemeng, déi 1978 aus dem Zesummeschloss vu véier klenge Gemengen entstanen ass. Datt sech haut vill Gemenge schwéier dinn, fir ze fusionéieren, erkläert sech de Lucien Meyers esou:

"Haut ass et vläicht méi schwéier well all Gemeng huet seng Infrastrukturen, seng Schoulen, säi Gemengenhaus, seng Sportshalen, Schwämme vläicht net alleguer. Mee wann een do kee gemeinsame Projet fënnt, deen ee virundreift, dann ass et vläicht méi schwéier seng Identitéit opzeginn a mat aneren ze fusionéieren. Fir mech ass ee gemeinsame Projet ee wichtege Punkt."

Ee méi grousse finanziellen Ureiz duerch de Staat kéint zwar hëllefen, mee méi wichteg wier et d'Leit zesummenzebréngen. Nëmme sou kéint eng gemeinsam Identitéit entstoen.

Invité vun der Redaktioun: Lucien Meyers

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.