En Donneschdeg de Moie waren d'Medezinsstudenten Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Kréie mer all d'Dokteren ersat, déi an den nächste Joren an d'Pensioun ginn? "Sécherlech net mat deem, wat mir zu Lëtzebuerg selwer ausbilden", esou de President vun der Associatioun vu Medezinsstudenten en Donneschdeg de Moien hei op RTL. De Felix Minette huet eng al Fuerderung vun der ALEM widderholl: d'Land bräicht eng "kontinuéierlech Ausbildung". Lëtzebuerg awer egal ewéi och ëmmer ofhängeg vun Dokteren aus dem Ausland sinn an dowéinst misst de Standuert attraktiv bleiwen.
 
De Felix Minette war däitlech: "elo mussen d'Grondsteng geluecht ginn, fir datt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem an den nächsten 10 Joer net ënnergeet". Dozou gehéiert "eng kontinuéierlech Ausbildung" an der Medezin och hei am Land. 
 
Dat setzt eng Unisklinik oder e Centre hospitalier universitaire ewéi am Ausland viraus. Wichteg dofir wier primär "eng strukturéiert Patienteversuergung", kombinéiert mat enger "Fuerschung, déi up to date ass", enger "Ausbildung vum Medizindstudent iwwert den Dokter an der Spezialisatioun" an enger "Formation continue wärend dem Beruffsliewen".

Eng kloer Linn fir de Gesondheetssecteur

Zu Lëtzebuerg ginn et Divergenzen tëscht der liberaler Medezin an de konventionéierter an de Spideeler notamment. De Felix Minette wënscht sech "méi Dialog". Mee och een eng "kloer Linn", datt ee weess, wann een zeréckkënnt, wat d'Viraussetzunge sinn an een am Alldag "engem roude Fuedem kann nofollegen, wann ee Patiente betreit". Vu datt Lëtzebuerg sech wéilt méi breet opstellen, wiere Kollektivverträg wuel eng Optioun an dorënner géing de Statut vun engem Médecin en voie de spécialisation, deen iwwerfälleg wier, fir mam Ausland kënne matzehalen.
 
D'Weiderbildung ass iwwerdeems net obligatoresch, mee dat misst se dem Felix Minette no sinn. Ouni "Zwang", wier net garantéiert, datt "een um neiste Stand" wier, huet de President vun der ALEM ze bedenke ginn. Dat wier schwiereg fir Medezinsstudenten, déi hir Stagen zu Lëtzebuerg maache géingen. Wann ee bis Dokter ass, wier et dann och schwéier d'Formation continue a sengem Beruffsliewen anzebaue wa se net obligatoresch ass.
 
Wat d'Fuerschung an der Medezin ugeet, déi géing et zu Lëtzebuerg wuel scho ginn. Mee hir Accessibilitéit oder eng klinesch Fuerschung géing et "sécherlech" nach net an deem Ausmooss ginn, ewéi op den Unisspideeler am Ausland.

Sorbonne-Affär (dé)dramatiséiert

Studente vun der Uni Lëtzebuerg, déi hiert zweet Joer op der Sorbonne wollte maachen, goufe vun der franséischer Uni an aner Schoulen ëmdisponéiert. De Felix Minette huet d’Affär e bëssen erofgespillt. Hien huet zouginn, datt d'Decisioun "méi oder wéineger kuerzfristeg" bekannt gi wier an et net ëmmer Zougank zu Informatioune gi wier. 
 
Allerdéngs wier kloer, datt d’Studenten all eng Plaz kréien. Paris Cité wier och eng vun den "top Schoulen" weltwäit a mat den aneren Universitéiten zu Paräis, wou d'Schüler elo kënne goen, kéint ee sécherlech och liewen.

E klenge graffen Etat des lieux

Zu Lëtzebuerg gëtt et ronn 4 Doktere fir 1.000 Awunner, wat liicht iwwert der OECD-Moyenne wier. De Felix Minette huet awer drop higewisen, datt ee muss der héijer Zuel u Frontaliere Rechnung droen, déi op d'mannst deelweis och missten aberechent ginn. 
 
Et riskéiert awer e Manktem un Dokteren ze ginn well: engersäits d'Populatioun déi nächst Joerzéngte weider wäert méi al ginn an ewéi de "Rapport Lair" 2019 scho gewarnt huet, louch deemools de Medianalter vun den Doktere bei 50 Joer war an d'Hallschent vun den Doktere bis 2030 wäerten an d’Pensioun goen.

"Journée du futur médecin" de 27. September

Nom Interview huet de President vun der ALEM nach op eng "Journée du futur médecin" invitéiert, de 27. September am Jongelycée um Lampertsbierg. Déi Journée riicht sech un all d'Medezinsstudenten, och déi "en voie de spécialisation" an u Lycéesschüler vun 3ème un. 
 
Op där Foire si 40 Acteuren aus dem Gesondheetswiesen an den Highlight ass en "Fachartztduell" op enger Bün. Méi Infoen an d'Umeldung gëtt et op alem.lu.

Invité vun der Redaktioun: Felix Minette

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.