"Dat gëtt keen einfache Mandat fir d'EU-Kommissiounspresidentin"
En Donneschdeg de Moie war d'Europäesch Unioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Europa ass an engem Kampf. Et weist, wou mer den Ament dru sinn, an enger neier Weltuerdnung. Dat sot d’EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen e Mëttwoch an hirer Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun. Domadder muss een eens ginn an dofir wier et wichteg, datt mer eis bewosst ginn, wat um Spill steet. D'Anne Calteux war en Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun, si ass d'Vertriederin vun der EU-Kommissioun hei am Land.
Raue Wand am Europaparlament
D'Anne Calteux huet vu ganz villen Erausfuerderunge geschwat op geopoliteschem Plang. Et bréicht e staarke Leadership an dat wier déi aktuell Kommissiounspresidentin. Den Toun vun der Ried vun der Presidentin war méi eescht a méi kämpferesch. Et misst ee méi séier handelen a méi séier d'Prioritéiten ëmsetzen. Den Toun am Parlament ass rau an et gi vill Tensiounen tëscht de Fraktiounen am Europaparlament. Et gëtt ëmmer méi schwéier, fir Iddien duerch d'Parlament ze kréien.
EU-Kommissioun stoppt Paiementer un Israel
D'EU stoppt d'Finanzementer un Israel. D'Situatioun a Gaza wier katastrophal. Dofir hätt d'Kommissioun op hirem Niveau eppes decidéiert, sou d'Anne Calteux. Unanimitéit géif et bannent der EU fir Sanktiounen net ginn. Trotzdeem wieren et keng eidel Aussoe vun der Kommissiounscheffin. Si wéilt d'Memberlänner iwwerzeege mat op dee Wee ze goen.
Den Handelsaccord vun der EU mat den USA, dee jo staark kritiséiert ass, wier dat bescht Resultat wat méiglech war. Op d'mannst hätt een elo eng gewësse Previsibilitéit, seet d'Anne Calteux, an et géif och weider mat Amerika verhandelt ginn.
Mindestalter fir sozial Medien
D'EU preparéiert och e Mindestalter fir d'Notze vu soziale Medien. TikTok, Instagram a Co. soll een eréischt vun engem gewëssen Alter u kënnen notzen. Dee Sujet géif der Kommissiounspresidentin um Häerz leien, sot hir Vertriederin. Si versteet d'Suerge vun den Elteren. Experte sollen eng Virlag ausschaffen. Australien kéint do e Beispill sinn, wou déi sozial Plattformen eréischt vu 16 Joer un erlaabt sinn.
*Wéinst technesche Problemer bei enger vun eise Kameraen en Donneschdeg de Moien, konnt d'Emissioun "Invité vun der Redaktioun" net wéi üblech gefilmt ginn. Mir entschëllegen eis dofir.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.