An hirer Ried zur Lag vun der Unioun huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen kloer Wierder fonnt.

Déi nei Weltuerdnung baséiert op Muecht, Europa misst fir seng Plaz kämpfen, domat huet d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen direkt um Ufank vun hirer Ried zur Lag vun der EU op de schwieregen internationale Kontext verwisen, an Zäite vun "enger Welt déi net verzeit", wou Leaderen entweder ambivalent oder oppen hostil géint d'EU wieren. Dofir misst d'EU zesummenhalen.

Ofhängegkeet géif als Waff mëssbraucht ginn an dofir misst Europa seng Defense weider ausbauen. Bis zu 800 Milliarden Euro kënnen am Kader vum Programm 2030 mobiliséiert ginn.   
Aktuell géif een  dann och un engem 19. Sanktiounspak géint Russland schaffen. Donieft proposéiert d'Kommissiounspresidentin agefruere russesch Gelder sollen indirekt als Kredit un d'Ukrain goen, fir d'Land nees opzebauen, an d'Ukrain misst dee Kredit eréischt zeréckbezuelen, wa Russland Reparatioune géing bezuelen. 
 
Keng finanziell Hëllef méi fir Israel 

Mat Bléck op de Krich an der Gazasträif huet d’Kommissiounspresidentin bedauert, dass Europa sech net iwwert eng Positioun eens gëtt. Si annoncéiert en Aussetze vun der finanzieller Hëllef un Israel: "We will put our bilateral aid on hold."  Donieft proposéiert si Sanktioune géint extremistesch Ministeren a Siidler.

Am Sall haten dann och eng Rëtsch lénk Parlamentarier rout Westen un als Zeeche vun der Solidaritéit mat Israel. D'EU stéing hannert enger Zwee-State-Léisung, betount d'Ursula von der Leyen, allerdéngs wier fir d'Hamas als Terrororganisatioun do keng Plaz 
 
Kompetitivitéit 

E Kärthema war d'Kompetitivitéit, wou Europa virun a Clean Tech an Digitalisatioun investéiere misst. Europa stéing fir Konkurrenz, ma et misst een déi eege Produktioun virun deloyaler Konkurrenz schützen, besonnesch am Stolsecteur. D'Kommissioun géing hei laangfristeg Instrumenter proposéieren. Déi europäesch Stolindustrie ass wéinst héijen Energiekäschten a bëllegen Importer aus China staark ënner Drock geroden. 
 
Douanesdeal mat den USA "beschtméiglechen Deal"

D'Ursula von der Leyen huet dann och de rezenten Deal zu den Douanestaxe mat den USA verdeedegt: Dat wier dee beschtméiglechen Deal gewiescht. Dee gesäit eng 15 Prozent amerikanesch Douanestaxen op de meeschten europäesche Produite vir, d'Europäer hunn dofir versprach, massiv amerikanesch Energie anzekafen an hir Taxen op enger Rëtsch amerikanesche Produiten ze reduzéieren. D'USA wieren nu mol de wichtegsten Handelspartner vun der EU mat engem Volume vun 500 Milliarden Euro a Milliounen Aarbechtsplazen, déi do drun hänken : "I will not gamble with people’s jobs", esou de Constat vun der von der Leyen.  
Soziales

D'EU erkennt de Logementsproblem als sozial Kris un, deen d'Kompetitivitéit vun der EU hemmt. Dee Problem wéilt een ugoen an och d'Aarmut bis 2050 "ausrotten".

De Migratiouns- an Asylpak misst komplett ëmgesat ginn.

E Fokus vun der Ried louch och op Informatiounsmanipulatioun an Desinformatiounscampagnen: Dowéinst géif d'EU en neien europäeschen Zenter fir demokratesch Resilienz op d'Been setzen. Et bräicht een en "Schutzschëld fir d'Demokratie", méi Capacitéite fir falsch oder manipuléiert Informatiounen ze detektéieren. 
 
D'Ried vun der EU-Kommissiounspresidentin war jee no Sujet riets, mee awer och bësse lénk, bësse gréng. Entspriechend war ni jiddereen zefridden. Eemol stounge se awer all op an hunn all applaudéiert: fir e griichesche Pompjee, dee mat senger Grupp en Duerf a Spuenien dëse Summer virun de Flame gerett huet.

Reaktioun vun de Lëtzebuerger EU-Deputéierten

Fir déi Lëtzebuerger Europadeputéiert fält de Bilan no der Ried  zur Lag vun der EU gemëscht aus: Et hätt ee scho gemierkt, dass d’Ursula von der Leyen probéiert hätt, dem lénke Bord bei verschiddenen Themen entgéint ze kommen.

De Marc Angel (Sozialdemokraten) war erfreet, dass sozialdemokratesch Theme wéi eng Strategie géint Aarmut opgegraff gi wiere. Endlech hätt d’Kommissiounspresidentin sech och bei Gaza méi däitlech positionéiert, ma déi "duebel Standarden" am Verglach mam Krich an der Ukrain hätten d’EU all Kredibilitéit kascht.

Do gëtt him d’Tilly Metz (Gréng) Recht, ma fir si ginn d’Mesurë géint Israel net wäit genuch, zum Beispill wier an der Ried näischt iwwert e Stopp vu Waffeliwwerunge gesot ginn. Generell wier et eng "rhetoresch staark" Ried, ma hätt et hir u konkreten Inhalter gefeelt an a ville Beräicher hätt et paradox Messagë ginn. Fir si wier den Discours "e bëssen à côté de la plaque" gewiescht.

De Fernand Kartheiser (ouni Fraktioun) huet kritiséiert, dass net iwwert d’Diplomatie am Kontext vum Krich an der Ukrain geschwat gi wier, wat vum Marc Angel schaarf kritiséiert gouf. D’von der Leyen hat an hirer Ried betount, dass de russesche President Putin en Treffe mam ukraineschen Homolog Selenskyi refuséiere géif.
 
De Charel Goerens (Renew Europe) huet eng "ganz determinéiert" Kommissiounspresidentin gesinn, mee déi Determinatioun hätt him bei den Negociatiounen iwwert den Douanesdeal mam US-President Trump gefeelt. E grousse Problem bleift fir hien den Unanimitéitsprinzip.
 
Zousproch fir d’Fraktiounskolleegin von der Leyen gouf et vun den Deputéierte Wiseler-Lima a Kemp (EVP). D’Martine Kemp huet ënnerstrach, dass déi sozial Theme wichteg wieren an ee beim Logement d’Hëllef vun der EU brauch.