D'DP-Parteipresidentin verdeedegt den Avortement an der Verfassung
E Méindeg de Moie war ënnert anerem d'Pensiounsreform Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mat der Formulatioun "Fräiheet vun der Fra fir Avortement" an der Verfassung wär ee schonn no drun un der Approche, fir der Fra de Choix ze loossen, ob si ënner Konditioune wëll ofdreiwen oder net. Dat sot d‘Carole Hartmann, DP-Presidentin e Méindeg de Moien als Invité vun der Redaktioun. Dofir géifen d‘Gremie vun der Demokratescher Partei déi Formulatioun ënnerstëtzen a sech kloer fir d‘Aschreiwung vum Avortement an d‘Verfassung ausschwätzen.
D‘Presidentin vun der DP ass sech bewosst, dass de liberalen Deputéierten an Dokter Gérard Schockmel dogéint stëmme wäert. Dat wär seng Fräiheet, esou d‘Carole Hartmann. Ma hir géif et drëms goen, d‘Rechter vun der Fra laangfristeg ofzesécheren. Si wär optimistesch, dass een an der Chamber déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit zesummekritt fir d‘Verfassung an der Hisiicht z‘änneren.
Obwuel et jo och beim Koalitiounspartner CSV kritesch Stëmme ginn. Am Kloertext d‘lescht Woch sot d'CSV-Politikerin a Presidentin vu Pro Familia an infoMann Michèle Kayser-Wengler, dass een op kee Fall d‘Ofdreiwungsgesetz a Fro stellen dierf, mä de Schratt, un d'Verfassung fréckelen ze goen, wär net opportun: Verfassung wär do, fir eis all ze schützen, an eng Ofdreiwung wär kee Schutz. D‘DP-Presidentin betount, d‘Fräiheet fir sech fir en Avortement ze decidéieren, géif d'Frae schützen.
Gutt Zesummenaarbecht mat der CSV
D'Klima an der Koalitioun wär gutt, behaapt d'Deputéiert a Buergermeeschtesch vun Iechternach. Et géif der DP drëms goen, de Koalitiounsaccord ëmzesetzen. Dofir hat ee sech rezent fir d'Rentrée och mat der CSV gesinn, fir sech ze beroden an déi wichtegst Theme festzeleeën.
De Sträit tëscht der Dokteschassociatioun an der Gesondheetskeess, wär eescht ze huelen, esou d‘Carole Hartmann. De Malaise bei den Doktere versteet d'DP-Parteipresidentin zum Deel, well verschidde Reformen am Gesondheetswiese géifen op sech waarde loossen. Am Koalitiounsaccord wär eng Moderniséierung an eng Digitalisatioun annoncéiert ginn, wat och géif ëmgesat ginn. Dat géif och nëmmen zesumme mat den Doktere goen.
D‘DP-Presidentin wéilt elo ofwaarden, wéi d‘Basis bei der AMMD sech bei der Reunioun den 8. Oktober äussere wäert, an ob si d‘Konventioun mat der CNS dann effektiv wëllen opléisen.
Schwiereg Sozialronnen
Wann een um Pouvoir ass, wier ee gewielt fir Saachen ëmzesetzen, betount d‘Carole Hartmann.
Dass een dobäi op Kritik stéisst wär normal. Et misst een eben op de gréisstméigleche Konsens kommen. Genee dat wär an de Sozialronne geschitt, déi fir d‘Presidentin vun de Liberale keen Echec waren, mä e Schratt an déi richteg Richtung, och bei der Pensiounsreform.
Dass d'Gewerkschaftsfront aus OGBL an LCGB net méi an de CPTE geet, dat wier keng glécklech Situatioun. Bipartitte wieren elo virgesinn. Si hätt awer léiwer, nees op den Tripartite-Modell am grousse Krees zeréck ze kommen.
Trotz alle Problemer wär eist Land an engem stabillen Zoustand, esou d’DP-Parteipresidentin Carole Hartmann e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.