En Dënschdeg de Moie war d'Monarchie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Lëtzebuerger si relativ pragmatesch. D’Monarchie huet international e gewësse Charme, en Avantage an ass en Atout, firwat soll Lëtzebuerg dat fale loossen, sot en Dënschdeg de Moien de Luc Heuschling. De Professer fir Verfassungsrecht op der Uni Lëtzebuerg, deen och iwwer d’Monarchie gefuerscht huet, war am RTL-Interview. Am Politmonitor vum Juni soten 69% vun de Leit, datt si hannert der Monarchie stinn. Just 20% hätte léiwer eng aner Staatsform.

Hoffnung op manner Wierbel a manner Konflikter

De Charme, de Charisma vun den Titulairë wär enorm wichteg. De Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa hätten e gewësse Charme an eng Aura gehat, sou eisen Invité. Elo misst ee kucken, wéi de Guillaume an d’Stéphanie dat geréieren. Jidderee géif sech awer erwaarden, datt d’Monarchie e bësse méi roueg gëtt et manner Wierbel gëtt a manner Konflikter. Déi groussherzoglech Koppel an déi ganz Famill missten haut volleksno sinn, mä och net ze vill. Si missten eng besser Attitüd hunn a besser si “wéi Jänni a Männi”.

Wéi modern ass déi Lëtzebuerger Monarchie?

Prinzipiell wär all Monarchie onmodern. Et wär näischt Demokratesches. De Grand-Duc als Staatschef géif och meeschtens fir méi eng laang Zäit bleiwen, de President an enger Republik géif éischter ausgewiesselt ginn. Eis Monarchie wär "relativ" modern, analyséiert de Luc Heuschling. E kéint zum Beispill mat der neier Verfassung ofgesat ginn. Mä wär "inviolable" - also "unantastbar" - a kéint net viru Geriicht gestallt ginn.

Den Titel vun der Grande-Duchesse fir de Partner vum Monarch steet iwwregens net an der Verfassung. De Grand-Duc kéint awer a senger Famill “titres de noblesse” verdeelen an esou dierft dann och d’Prinzessin Stéphanie d’Grande-Duchesse Stéphanie ginn. Eng Kréinung gëtt et jo hei zu Lëtzebuerg och net, just en Eed an der Chamber. An deem Sënn wär den Trounwiessel éischter bürokratesch an onzeremoniéis. 

A wéi enger Erënnerung bleiwen déi 25 Joer Grand-Duc Henri?

An der Geschicht vun der Monarchie géife sech verschidde Monarchen ervir dinn: de Wilhem I., well et awer de Createur vun eisem Staat wär, d’Marie-Adélaïde als negatiivt Beispill, d’Charlotte als positiivt an den Henri, zesumme mam Maria Teresa. D’Koppel wär schonn e "Binôme". D’Herrschaft vum Grand-Duc géif an enger ambivalenter Erënnerung bleiwen, mengt de Verfassungsrechtler. Den Henri géif fir eng Moderniséierung stoen an hätt Dieren opgemaach. Mä et wären awer villäicht ze vill Konflikter opkomm, sou datt een hofft, datt déi nächst Period méi eng roueg Period gëtt.

Invité vun der Redaktioun: Luc Heuschling

D'Emissioun huet mat e puer Minutte Verspéidung ugefaangen, well den Invité nach am Moiestrafic hänke bliwwe war. 

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.