E Mëttwoch de Moie war de Weltdag vun den eelere Leit Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Christa Möller-Metzger

E Mëttwoch ass de Weltdag vun den eelere Leit. Eleng sinn, wann ee méi al ass a keen oder kaum Kontakt mat Leit huet, ass e grousse Problem. Famill ass fort, Frënn och oder scho verstuerwen, dat sot d'Christa Möller-Metzger am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien. Si ass eng däitsch Politikerin, fräi Journalistin a Vizepresidentin vun de "European Green Seniors". A fir eng Konferenz hei zu Lëtzebuerg.

"Agefriendly cities" vun der WHO

Et bräicht ee Plazen, wou eeler Leit kéinten zesummekommen. Ouni, datt et eppes kascht, wou ee muss zum Beispill eppes drénken. Hamburg, d'Heemechtsstad vun eiser Invitée, ass dëst Joer Member gi beim Reseau vun den "agefriendly cities", also altersfrëndleche Stied vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Si huet déi Memberschaft ugestouss. Iwwer 100 Initiative goufe lancéiert, fir Hamburg nach méi seniorefrëndlech ze maachen. Dozou gehéieren zum Beispill "Frëndschaftsbänken", wou ee sech ka begéinen, fir e bëssen ze schwätzen, an natierlech barrièrefräi a breet Trottoiren, gutt beliicht Weeër, wou déi eeler Leit sech sécher fillen.

Géint Ausgrenzung 

E weidere Problem wier: Vill eeler Leit fille sech ausgegrenzt, well se net eens ginn an der digitaler Welt. Do kéint een eppes dogéint ënnerhuelen. Wichteg ass och eng gutt "Nahversorgung", datt een also ze Fouss kéint an de Buttek, op d’Bank oder bei de Bäcker goen. Eng gutt Alternativ wieren do Minibusser, e gratis Shuttle, deen hei am Land vill Gemengen ubidden. Zu Lëtzebuerg géif scho vill fir déi eeler Generatioune gemaach ginn, ass eiser däitscher Invitée opgefall. Si war och ganz begeeschtert vum gratis ëffentlechen Transport.

Brauch een eng extra Politik fir eeler Leit? Dat gëtt si ëmmer nees gefrot. Kloer jo, äntwert d'Christa Möller-Metzger. Wann een eeler Leit nämlech net explizitt nennt, géife se vergiess ginn. Net express, mä well se bei méi jonke Generatiounen net am Kapp sinn. Vun den Infrastrukture fir eeler Leit profitéieren och net nëmmen d'Senioren, mä all d'Generatiounen, mengt d'Madamm Möller-Metzger, déi sech méi Austausch a Kontakter tëscht de Generatioune wënscht.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.