Ëmsetzung vun der Pensiounsreform ass "enttäuschend"
E Freideg de Moie war de Jugendkonvent Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et hätt een an de leschte Jore schonn eng positiv Entwécklung gesi mat méi Méiglechkeete fir déi Jonk, fir sech anzebréngen, dat sot de President vum Jugendrot Liam Bremer e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Mä dat géif net duergoen.
Dacks géifen dann awer d'Decisiounen, déi duerno geholl ginn, net d'Uleies vun der Jugend erëmspigelen. D'Pensiounsreform wier heifir e gutt Beispill. Déi ëffentlech Consultatioun hätt déi Jonk net direkt erreecht an de Gesetzprojet géif och net de Fuerderunge vun de Jugendlechen entspriechen. Dat, wat elo um Dësch läit, wier vill méi d'Resultat vun de Sozialronnen, bei deenen déi Jonk jo net derbäi waren. De Jugendrot wënscht sech weider Adaptatioune bei de Pensiounen, fir de System méi laangfristeg ofzesécheren. Dat wéilt een dem Premier an der Sozialministesch e Méindeg och nach emol an engem Gespréich matdeelen. Et misst een deene Jonke garantéieren, datt si och nach an 30 Joer eng dezent Pensioun kréie kënne, sou de President vum Jugendrot.
Gesellschaft altert ëmmer méi: Walalter vun 16 Joer u bleift eng kruzial Fuerderung
Allgemeng wier et senger Meenung no wichteg, datt déi Jonk sech méi an der Politik erëmfannen, fir géint d'Politikverdrossenheet virzegoen. Och rezent Etüden hätte gewisen, dass vill Jonker ee "sentiment d'ennui" vis-à-vis vun der Politik hätten an och net wierklech d'Hoffnung hätten, dass d'Politik hiert Liewe kéint verbesseren. Dofir wier et och wichteg, dass d'Jonker sech besser an der Politik erëmfannen. Aktuell wiere just zwou Persounen ënner 30 an der Chamber an et misst een déi Jonk encouragéieren, politesch aktiv ze ginn. Duerfir géif och d'Fro vum Walrecht vu 16 Joer u weider kruzial bleiwen. Eis Gesellschaft géing ëmmer méi alteren an deementspriechend géing de Poids vun den eelere Persounen ëmmer méi grouss ginn. Dat wier och e Grond, firwat d'Interessie vu Jonken ëmmer manner ëmgesat ginn. An zum Beispill an Éisträich géing ee gesinn, dass dat ganz gutt fonctionéiert, sou de Liam Bremer.
Pensiounsreform ass enttäuschend
De President vum Daachverband vun de Jugendverbänn fënnt, dass d'Regierung scho gutt intentionéiert gewiescht wier a punkto Diskussioune ronderëm d'Pensiounsreform, mee d'Ëmsetzung wier "enttäuschend" an et wier een natierlech net zefridde mat där Reform, wéi se elo um Dësch läit. Dass d'Regierung géing versichen, den effektiven Pensiounsalter, deen aktuell bei 60,4 Joer läit, méi no un 65 Joer ze bréngen, wier gutt. Just d'Moyenen, déi se sech dofir géing ginn, wier net genügend.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.