E Sonndeg goung et am RTL-Presseclub ënnert anerem ëm d'Corona-Infektiounen zu Lëtzebuerg, déi nees däitlech klammen.

D'Tripartite, d'Enn vun Etat de Crise mam Ufank vun neie politesche Streidereien, d'Covid-Infektiounszuelen, déi nees unzéien, an natierlech de Politmonitor mam Zementéiere vum Pouvoir vun der Dräierkoalitioun - dat si Sujeten, déi eis am Presseclub interesséiert hunn an iwwert déi diskutéiert gouf.

Invitéiert am Presseclub e Sonndeg waren:

De Pol Schock vum Lëtzebuerger Land,
de Marc Schlammes aus dem Wort,
an de Christoph Bumb vum Online-Magazin Reporter.

Den RTL-Presseclub vum 5. Juli 2020

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.