E Sonndeg goung et am RTL-Presseclub ënnert anerem ëm eng fundamental Steierreform, den Dossier Fage an de Coronavirus.

Ass Lëtzebuerg prett fir eng fundamental Steierreform, déi och Tabuen brécht? Wéi steet d'CSV no der politescher Sortie vun hirem President do? Belaascht den Dossier Fage d'Koalitiounsklima nohalteg? Wéi ginn d'Schoule mat der Covid-Rentrée ëm? A wéi sinn d'Leit op eventuell weider Corona-Welle preparéiert? Dës Froen hu mer eis e Sonndeg am RTL-Presseclub gestallt.

D'Invitéë waren:

Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort,
Ines Kurschat aus dem Land,
Christoph Bumb vum Online-Magazin Reporter.

Presseclub vum 13. September

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.