Ëm d'Suitte vun der Corona-Kris, de Politmonitor an d'US-Wale goung et e Sonndeg am Presseclub.

Kréie mer d'Neiinfektiounen duerch an d'Suitte vum Corona-Virus an de Grëff? Sinn d'Erkenntnisser aus dem Politmonitor sou z'erwaarde gewiescht? A kënnen d'Vereenegt Staaten nom Walkampf nees gëeenegt ginn?

Invitéen am Presseclub waren:

De Christophe Bump vu reporter.lu,
de Robert Schneider vum Tageblatt
an de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort

Presseclub vum 15. November

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.