D'Pandemie an den neie partielle Lockdown hunn de Presseclub dominéiert. Vill Froe gouf et och ëm Privatiséierung vu Staats-Aufgaben an d'Presselandschaft.

Déi nei Corona-Mesurë sinn nawell staark kontestéiert. Zanter en Donneschdeg sinn mer nees am partielle Lockdown. Restauranten a Caféë sinn zou, genee wéi Fitnesszenteren, Piscinnen, Theateren a Kinoen. Anerersäits dierfe Bibliothéiken a Muséeë opbleiwen, genee wéi de Commerce an d’Kierchen. Wéi sënnvoll ass dat? Ënner anerem de Staatsrot, d’Chambre des Salariés an déi consultativ Mënscherechtskommissioun hunn d’Inkoherenz vun dëse Mesurë kritiséiert a stellen d'Fro, op wéi enger Basis esou Mesurë geholl ginn.

Firwat ginn d’Culten iwwer d’Kultur gestalt, wa béid Säiten an de leschte Méint d'nämmlecht vill Efforte gemaach hunn, fir déi sanitär Mesuren ëmzesetzen? Am Theater oder Kino, genee wéi an der Kierch sëtzt ee wäit auserneen a mat Mask. Firwat dierf also deen een also op sinn an den anere muss zou bleiwen? D'Theaterfederatioun war ganz kloer an hirer Kritik.

Och d'Jeeër wiere sech ferm géint d'Inkoherenz vun dëse Mesuren. Um Black Friday an elo och nach de Weekend dierfe sech dausende Leit an de Geschäfter beieneen drécken, awer d'Klappjuegten, wou d'Jeeër dobausse sinn an och net openeen hocken, dierfen net organiséiert ginn. De Reproche vun enger grénger Ideologie steet am Raum.

Wéi eng Roll spillt d’Wëssenschaft, wann dës Mesurë geholl ginn a wéi eng misst se vläicht spillen? A wéi eng Nott ginn d'Journalisten dem Regierungs-Management?

Invitéen am Presseclub waren:

D'Dani Schumacher vum Wort
de Peter Feist vum Land
an de Claude Karger vum Journal

E weidert Thema war d’Privatiséierung vu Staats-Aufgaben. Aus dem Educatiounsministère koum e Gesetzprojet fir d’Direktiounsposten a verschiddene Lycéeën ze privatiséieren, anerersäits huet de Stater Schäfferot eng privat Sécherheetsfirma beoptraagt op der Stater Gare ze patrulléiere wéinst der Drogekriminalitéit. Wou féiert dat hin?

Och iwwert den Zoustand vun eiser aktueller Presselandschaft  gouf geschwat. D’Wort setzt d’Journaliste virun d’Dier an de Journal verbrennt säi Print a gëtt Digital.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.