Malamuten am PortraitSchlittenhënn kënne sech am Summer a Wanter zu Lëtzebuerg wuel spieren

RTL Lëtzebuerg
D’Malamutë si Schlittenhënn, si sinn imposant, si si méi lues awer dofir méi staark wéi d’Huskien.
© Franck Chabriac

E Malamute-Ritt weit tëscht 35 a 40 Kilo, e männlechen Husky dogéint bréngt just 25 bis 30 Kilo op d’Wo. D’Malamute sinn och net geduecht fir e Sprint, si hunn dofir méi Ausdauer. A genee dës Rass huet dem Franck Chabriac gehollef, fir als Kand iwwert seng Angscht virun Hënn ewechzekommen. Nodeems hie vill iwwert Hënn gelies hat, huet hie se och konnten erliewen. Hie konnt déi éischt Zuucht vu Malamuten aus Alaska, déi et a Frankräich gouf, besiche goen. Puer Méint méi spéit hu si esou e Mupp opgeholl. Mëttlerweil dréint sech dem Franck säi Liewen ëm des Rass. Hien huet och duerch si seng Fra Andrée kennegeléiert. Zesummen ziichten déi zwee Malamuten am Norde vu Lëtzebuerg. D’Welpe sinn dann awer just fir sportlech Liibhaber mat Erfarung geduecht. Wéinst dem Gesetz fir d’Wuelbefanne vum Déier hei am Land, brauch een net nëmmen en Agrement vun der Administration des Services Vétérinaires, mee och vun der Fédération Cynologique vu Lëtzebuerg. Do dernieft si bei enger Zuucht och reegelméisseg Kontrollen ugesot. Doduerch ginn et och manner Abusen hei am Land wéi am Rescht vun Europa.

Wa Schnéi läit, da fiert de Franck Chabriac och mat sengen Hënn mam Schlitt. Am anere Fall léisst hie sech op engem Go-kart oder op enger Trottinette vu sengen Hënn zéien. Am Wanter organiséiert hie mat senger Fra an der Asbl Trace Aventuren a Lappland. Iwwert e puer Woche si si dann 300 Kilometer nërdlech vum Polarkrees ënnerwee. Déi nordesch Hënn hunn en Ënnerfell, dat si virun de groussen Temperaturschwankunge schützt. Eng Schicht mat gehëtzter Loft funktionéiert wéi eng Isolatioun. Doduerch sinn d’Malamuten och besser virun der Keelt geschützt wéi aner Rassen, wéi een Jack Russel, eng franséisch Bulldog oder eng Braque. Wann d’Temperaturen dobaussen iwwert 15 Grad klammen, da sollen déi sportlech Aktivitéite reduzéiert ginn an och nëmmen fréi moies um Programm stoen. D’Malamute kënnen also duerchaus an engem Klima liewe wéi mir et hei hunn.

Si hunn et an de Genen, fir als Schlittenhënn ze lafen an och fir am Grupp ze liewen. D’Aktivitéite ginn op all Hond ugepasst a Funktioun vun hirem Alter, hirer Motivatioun an hirem Charakter. Vun Abrëll bis Mëtt Oktober zéien des Muppe weder e Schlitt nach eng Trottinette. Si liewen a grousse Zwinger am Bësch, wou se spille kënnen. Normal Spadséiergäng, wou si an de Flëss spille kënnen oder wou si de Mënsch un enger Léngt zéien, deen e spezielle Rimm un huet, “cani-rando” genannt, mécht dëser nordescher Hondsrass och vill Spaass. Scho vu Klengem u ginn déi kleng Muppe bei de Spadséiergäng un d’Kommandoe gewinnt, déi si als Schlittenhënn musse kennen. All Kéiers, wann de Franck Chabriac a seng Fra no lénks ginn, da soe si “gauche”. “Droite” soe si, wa si no riets ginn. Wann d’Hënn frei lafe gelooss ginn a si dann erëm op de Wee zréckkommen, da kréie si “piste” gesot. Wa si mat hinne wëlle stoe bleiwen, winne si se un de Kommando “Ooooh stop!”. Mat 1,5 bis 2 Joer kënnen Hënn prett si fir de Schlitt ze zéien, bei aneren dauert et méi laang. Bis 2011 huet de Franck mat sengen Hënn déi Lëtzebuerger Faarwe bei internationale Championnater vertrueden. Aus Zäitgrënn huet hien awer domadder opgehalen. Eng Bronzemedaile huet hie bei der Weltmeeschterschaft zu Donovaly an der Slowakei kritt. Eng Rei vu sengen Hënn hunn d’Auszeechnung kritt vum “Champion de France de Travail”.

Et sinn och ëmmer Hënn mat am Haus, erkläert de Franck Chabriac weider. Meeschtens sinn et déi méi al Muppen. Normalerweis liewen d’Malamuten am Ruddel. Wann et hinnen duerno ass, gi si an d’Haus, fir ze kuschelen oder fir sech op de Kannapee ze leeën. No kuerzer Zäit gi si awer erëm eraus bei hir “Famill”. Si hänken net sou vill um Mënsch wéi aner Rassen.

Back to Top
CIM LOGO