Nei EtüdSozialverhale vu Giraffe gouf iwwer Jore falsch verstanen

RTL Lëtzebuerg
Eng nei Etüd vun der Universitéit Bristol huet erausfonnt, dass Giraffen e komplext Sozialverhalen hunn.
© AFP

Eigentlech ass een dovun ausgaangen, dass Giraffen éischter bescheide sinn a keng längerfristeg Bezéiungen zu hiren Aartgenossen hunn. Déi nei Etüd beweist de Contraire. Sou wiere Giraffe sozial gesi genausou komplex wéi Elefanten an hu laangfristeg Bezéiungen zu anere Weibercher an hirem Nowuess. Et konnt een och observéieren, dass den Nowuess vun anere Weibercher betreit gëtt wéi an enger Crèche.

Ee vun de wichtegste Punkte vun der Etüd ass d’Entdeckung vum sougenannte “Großmutter-Effekt” bei de Giraffen. Et ass e Phänomen, bei deem Déiere wäit méi al ginn, wéi den Alter bis zu deem se sech reproduzéiere kënnen. Als Groussmamm iwwerhuele se dann d’Roll vum Wëssensspäicher an d’Betreiung vum Nowuess. Et ass en Effekt, dee bis ewell just bei Elefanten, Orcaen an eis Mënschen observéiert gouf.

Fir d’Autorin vun der Etüd Zoe Muller ass et e Rätsel, wisou dëst Sozialverhalen elo réischt entdeckt gouf. D’Giraff wier nämlech nach ëmmer eng vun de bekanntsten Déierenaarten, sou d’Biologin. Besser Technologië géifen d’Fuerschung awer verbesseren. Fir d’Biologin vun der Bristol Universitéit wier dat d’Chance, d’Iwwerliewe vun de Giraffen ze garantéieren. De Bestand vun dëser Déierenaart ass nämlech zënter 1985 ëm 40 Prozent erofgaangen.

Déi ganz Etüd kënnt Dir hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO