
Ugefaange mat de Residencen. Wien huet et net schonns erlieft? Iwwerfëllten, schlecht ënnerhale Poubellen. Schwaarz, blo, oder aner Tuten, déi am Eck trëllen, sickeren, an den Espace poubelles verknaschten. Chronesch schlechten Tri. Geroch, dee sech bemierkbar mécht. You name it.
Wien ass verantwortlech? Genau, d'Saach gëtt gäre goe gelooss. Bewunner fille sech net concernéiert, oder muechtlos, oder sinn einfach net informéiert.
Bei de Privatleit ass Ady’s bekannt a beléift fir d'Kiwwelbotz. Woch fir Woch gëtt se gefëllt, geet se eran an eraus. Do mierkt een net onbedéngt, wa se no an no knaschteg gëtt. Ma de geleeëntleche Waasserstral hëlleft!
Well Dreck a Knascht, a Propretéit an Uerdnung schléisse sech net aus. Gestioun, Hygiène a korrekt Trennung bei den Offäll solle vun der Hand goen, an net zur Belaaschtung ginn.
Dat wëssen zum Beispill Gerancen a Syndicaten, Betriber aus dem HORECA-Secteur, Gemenge wéi och vill Privatstéit, déi mat Ady’s schaffen, enger Lëtzebuerger Entreprise, déi an der Gestioun vun Offäll a vun Hygiène spezialiséiert ass.
Mat senge méi wéi 30 Joer Aktivitéit an Erfarung huet Ady’s seng Offer u Servicen un d'Privatleit wéi u Professioneller iwwert d'Jore konstant weider entwéckelt. Haut bitt Ady’s folgend Servicer un: d'Entrée a Sortie vu Poubellen a Containeren, d'Botze vu Poubellen a Containeren, d'Raume vun encombréierten Espaces poubelles an de Residencen, d'Schädlingsbekämpfung a -preventioun, de Verkaf an d'Locatioun vu Weenercher fir déi blo Tuten, d'Installatioun vun Trennungsstatiounen an de Locaux poubelles.
Dir befannt Iech an enger dreckeger Situatioun? Kuckt op www.adys.lu, wielt Äre Service a bestellt direkt iwwert eise Site.