Et wier den explizitte Wonsch vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie gewiescht, fir Garden Partyen ëmmer engem Schwéierpunkt ze ënnerstellen. An do loung et no, dass bei enger vun deenen éischten déi Jonk d’Chance konnten hunn, en Owend am Gaart vum Schlass zu Bierg ze verbréngen, zesumme mat den traditionelle Vertrieder aus der Gesellschaft, déi all Joer invitéiert ginn.
Sou hätt een d’Méiglechkeet, Kontakter ze knäppen a sech ënnerteneen auszetauschen. De Grand-Duc Guillaume huet a senger Riet och betount, dass den Erhalt vun der Demokratie an eisem Land net nëmmen d’Aufgab vun enger Generatioun wier, mee d’Jugend wier eis Zukunft. D’Grande-Duchesse Stéphanie konnt leider net dobäi sinn, si gouf krankheetsbedéngt entschëllegt.