Police judiciaire enquêtéiert zu Märel"Police sot, ech bräicht keng Angscht ze hunn"

Pierre Jans
Pierre Weimerskirch
Op en Neits en Doudesaffer no enger Messerpickerei. E Sonndeg den Owend gouf e Mann an engem Eefamilljenhaus zu Märel ëmbruecht. Den Dag drop am Communiqué vum Parquet war schonn ze liesen, dass e Verdächtege gepëtzt gouf. D'Enquête leeft.

Den Incident war an der Rue Saint Gengoul zu Märel an der Stad. Hei an engem Haus gouf d‘Läich vun engem 27 Joer alen Mann e Sonndeg den Owend spéit fonnt. Hie war mat engem Messer ëmbruecht ginn.

En Noper huet RTL géintiwwer gemengt, d'Police wär kuerz virun Hallefnuecht do gewiescht.

Déi ongeféier Auerzäit kann eng aner Nopesch confirméieren. Si kennt d'Persoun, déi hires Wëssens no wuel am Haus wunnt - e feinen Noper seet si – däitlech méi al awer ewéi 27, deementspriechend weder d‘Affer nach de presuméierten Täter.

"Ech hunn deen Owend op eemol eng ganz Rei Polizisten hei gesinn an eng Ambulanz. Ech muss soen, ech hat schonn Angscht. Ech weess jo awer wien de Mann ass. Ech hunn deen awer gesinn do stoen. Mä ech hunn nëmmen heiansdo aus der Fënster gekuckt. Géint Hallefnuecht huet et un der Dier geschellt. Ech war prett fir an d‘Bett a well ech net opgepasst hunn, war dunn och nach den Alarm ugaangen. D'Poliziste si mir an d'Wunneng nokomm. Si hu mir gesot, ech bräicht keng Angscht ze hunn, ech wär a Sécherheet. Dunn hu si mir nach e schéinen Owend gewënscht an du si si gaangen."

Zwee Deeg duerno pecht nach ëmmer nach den orangen Autocollant vun der Police Judiciare op der Dier. D'Gebai ass versigelt.

D'Entréesdier vum Haus zu Märel, an deem den 28. Juni e 27 Joer ale Mann dout fonnt gouf.
D'Entréesdier vum Haus zu Märel, an deem den 28. Juni e 27 Joer ale Mann dout fonnt gouf.
© Domingos Oliveira

D‘Section homicide vun der Police judiciaire enquêtéiert. Et misst nach villes gepréift ginn, hat de Parquet e Méindeg wësse gedoen. Eng verdächteg Persoun gouf awer festgeholl, war e Méindeg scho beim Untersuchungsriichter an ass am Prisong. Et ass och e Mann vu 27 Joer.

Spéidert Doudesaffer a presuméierten Täter wären deemno d'selwecht al gewiescht. Dem Parquet no besteet à priori kee Lien tëscht deenen Zwee. Mä ewéi gesot, aktuell ginn et an dësem Fall méi Froen ewéi Äntwerten.

De Parquet huet net op eng Ufro fir weider Informatioune reagéiert. Dat ass een awer gewinnt wärend enger Enquête. Virun allem wa se nach am Ufank ass.

Liest dozou och hei

Back to Top
CIM LOGO