
De 6-fache franséische Champion huet ugekënnegt an Appell wëllen ze goen. Am beschte Fall kéint Bordeaux an der 6. franséischer Divisioun starten. Wéinst finanzielle Schwieregkeeten huet de Veräin 2024 aus der ieweschter Divisioun missen zwangsofsteigen.
Der franséischer onofhängeger Finanzkontroll DNCG no feele Girondins Bordeaux 9 Milliounen Euro, fir de Budget vun der leschter Saison ze clôturéieren an déi nei Saison ze sécheren. Dës Zomm huet de Club vum Lëtzebuerger Besëtzer Gérard Lopez awer net bezuelt. De Lëtzebuerger Geschäftsmann ass zanter 2021 un der Spëtzt vum fréieren Toppclub, war also deene verschiddene Ofstig mat dobäi.
Der franséischer Zeitung "L'Equipe" no befënnt sech de Gérard Lopez a Verhandlunge mam brittesche Fond Sparta Capital, fir iwwer e Verkaf vum Club ze diskutéieren.