Sponsored Content"Angus du Luxembourg" : Iesst mat guddem Gewëssen

RTL Lëtzebuerg
Well Lëtzebuerg esou kleng ass, ginn et ëmmer rëm Tensiounen zwëschen Natur a Kultur wat d’Benotze vun der Fläch ubelaangt.

Well Lëtzebuerg esou kleng ass, ginn et ëmmer rëm Tensiounen zwëschen Natur a Kultur wat d’Benotze vun der Fläch ubelaangt. Mam System « Naturschutzfleesch » hu mer en eenzegaartege System entwéckelt, deen Naturschutz a Landwirtschaft op enger selwechter Fläch verbënnt . Rustikal Rasse vu Ranner, wéi de „Black Angus“ – „ Aberdeen Angus“ aus Schottland, gi benotzt fir Biotoper ze fleegen, a gläichzäiteg e Produit vun der heegster Qualitéit ze produzéieren („Angus du Luxembourg“).

An dësem System gi ganz grouss Flächen mat manner wéi enger Kou um Hektar beweed. Dat léisst genuch Plaz fir d’Biodiversitéit (Kraider, Blummen, Insekte, Vigel), notamment duerch dat méi héicht Gras and duerch d’Struktur an der Weed (Hecke, Beem).Eis Déiere liewen dat ganzt Joer iwwer dobaussen an der frëscher Loft, a friessen nëmmen déi wëll Kraider, déi si op der Weed fannen. Dëst suergt fir eng Qualitéit déi hires gläichs sicht: e marbréiert Fleesch (wéinst dem intramuskulärem Fett), en exzeptionelle Goût duerch d’Kraider, déi d’Béischten iessen an e ganz luese Wuesstem, duerch hir ultra-natierlech Liewensweis (kee Festhalen a Mäschten am Stall!).

Eis Kéi si richteg Sportler: si beweege sech an der Moyenne em déi 10 km den Dag. Hir Liewensweis ass absolut natierlech: Si sinn op der Weed gebuer, bleiwe bei hirer Mamm, a well si méi lues wuessen, liewe si och méi laang, ier si dann zu Lëtzebuerg geschluecht ginn. Eise Metzlermeeschter d‘“Provençale“ këmmert sech dann em d’Zoubereedung. Kafe kënnt Dir d’Fleesch beim „Delhaize“ oder och direkt bei der „Provençale“, falls et op Lager ass.

Nach ee Punkt: Wosst Dir schonn dass et méi ekologesch ass e Burger ze iesse wéi e Steak oder e Filet? Dat ass well e Béischt zu iwwer 80% aus „net-nobele“ Muskele besteet, déi typescherweis a Gehacktes, Burger oder Zossissen ëmgewandelt ginn. Och dës sinn héichwäerteg Produkter! Beim „Naturschutzfleesch“ valoriséiere mir dat gesamt Fleesch, nobel an net nobel Stécker, fir sou dem Bauer e bessere Präis fir säin Déier ze garantéieren. Kuerz gesot: mir insistéieren op d’Qualitéit an net op d’Quantitéit an dofir kascht eis Fleesch och e bësse méi.

Mir invitéieren Iech also dësen eenzegaartege Produit ze genéissen: lokal, ekologesch, ethesch, a positiv fir eist Klima ass. Iesst mat guddem Gewëssen, garantéiert Ärem Bauer e faire Präis a virun allem, Schützt eis lëtzebuerger Natur! D’Naturschutzfleesch „Angus du Luxembourg“ kënnt Dir am Delhaize an an der Provençale kafen

Fir méi gewuer ze ginn

Back to Top
CIM LOGO