
An eiser séierlieweger Welt kann d’Bereetschaft, mat den neisten Technologië Schratt ze halen, doriwwer bestëmmen ob e Betrib matschwëmmt oder ënnergeet. Fortschrëttlech Technologien, déi sech rasant weiderentwéckelen, gekoppelt un e Mangel un internen Aarbechtskräften, déi dës Fortschrëtt intern implementéiere kënnen, bremsen net nëmmen d’Produktivitéit vu Betriber – si bréngen se och ëm dee Wettbewerbsvirdeel, deen se brauche fir z’iwwerliewen. Den Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT) vun der Universitéit Lëtzebuerg schafft zënter 2009 mat lokalen an internationalen Institutiounen zesummen an huet sech op d’Entwécklung vun neien Technologië fir Betriber spezialiséiert, déi e Problem ze léisen hunn.
Fuerschung gëtt heefeg als e Beräich ugesinn, deen sech mat futuristeschen Technologië befaasst amplaz mat deenen, déi hei an elo en Impakt op d’Betriber hunn. Beim SnT ass d’Creatioun vu sënnvolle sozioekonomeschen Auswierkungen awer e feste Bestanddeel vun der alldeeglecher Aarbecht. Am Laf vun de Joren ass den Zentrum gewuess a beschäftegt mëttlerweil eng grouss Unzuel vu Wëssenschaftler an Doktoranden, déi gemeinsam mat sengen Industriepartner u Projete schaffen – vun deenen hien der iwwer 60 huet.
Säin eenzegaartege Modell, deen ugewannt Fuerschung an Industrie zesummebréngt a Betriber dobäi ënnerstëtzt, hir Innovatiounsziler z’erreechen, huet den SnT zu engem kontinuéierleche Wuesstem verhollef. Seng Spëtzewëssenschaftler hunn u méi wéi 90 Projete vun der Europäescher Unioun an der Europäescher Weltraumorganisatioun geschafft, si hunn en Technologietransfertbüro (TTO-Technology Transfer Office) fir d’Protectioun an d’Lizenzéierung vu geeschtegem Eegentum ageriicht, sechs Spin-off-Betriber gegrënnt an en dynamescht Fuerschungsëmfeld mat iwwer 450 Mataarbechter kreéiert.
"Den Transfert vun op der Universitéit entwéckeltem Wëssen an Technologie un ëffentlech oder privat Acteuren, wéi och un déi breet Ëffentlechkeet ass e wichtegt Zil vum SnT”, sot den Dr. Carlo Duprel, Direkter vum TTO. “Mir realiséieren dat op dräierlee Manéieren. Éischtens, d’Ergebnis vun engem typesche Projet ass e Prototyp, deen demonstréiert, datt eng Technologie en Defi vun engem Betrib meeschtere kann. Zweetens verbesseren d’Mataarbechter vum Partner, déi mat den SnT-Fuerscher zesummeschaffen, hir Kompetenzen an der betreffender Technologie a léieren dës ze beherrschen. A schliisslech rekrutéiere mir weltwäit Studenten, mir forméieren se ob Industrieprojete an duerno kënnen se vum Partner embauchéiert ginn”, sot hien och nach.
An hir Projeten hunn e bedeitenden Afloss op d’Gesellschaft hei zu Lëtzebuerg a wäit iwwer d’Grenzen ewech. Am Joer 2022 huet den SnT säi Finnovation Hub an d’Liewe geruff, deen dozou bäidroe soll, datt Lëtzebuerg seng Reputatioun als ee vun de weltwäit féierenden Finanzzentren oprechterhält. Matt BGL BNP Paribas zesumme schafft den SnT un der Entwécklung vun engem Chatbot fir déi véier gängeg Sprooche vu Lëtzebuerg. Weiderhi schafft den SnT un engem Projet, deen eis Stroumnetzer dobäi ënnerstëtze soll, mat der wuessender Unzuel vun Elektrogefierer op eise Stroossen zerechtzekommen, fir den zukünftege Risiko vu Stroumstéiss a potenzielle Stroumausfäll ze vermeiden. An iwwer eis Welt eraus bréngt hie seng Léisunge bis erop an eisen Himmel. Seng Fuerscher entwéckelen Weltraumroveren, déi e Blockchain-baséierte Bezuelsystem um Mound bedreiwe kënnen, souwéi och Methode fir d’Eliminatioun vu Weltraumoffäll, déi dozou bäidroe kéinten, eis Satellitte viru Millioune vun destruktiven Offäll ze schützen, déi sech rasant deplacéieren a genee an dëser Sekonn eise Planéit ëmkreesen.
Dës Geschichten – an nach vill anerer – fënnt een an hirem Wierk 2021 Highlights, e Sammelband vu Geschichten, déi weisen, wéi een Impakt d’Ëmsetzung vu Fuerschungsresultater an der Industrie kann hunn. D’lescht Joer huet den SnT et fäerdeg bruecht, sech op der 10. Plaz vum globale Ranking vun der weltwäiter Software-Engineering-Fuerschung ze placéieren, op der Gala IT One als Geschäftspartner vum Joer ausgezeechent ze ginn, e Wuesstem vu 25 % ze erreechen, néng nei Industriepartner ze gewannen an zwee nei héichmodern Weltraumlaboratoiren ze grënnen..
“Eng wichteg Aufgab vum SnT besteet dran, dofir ze suergen, datt d’Fuerschung net a wëssenschaftleche Publikatioune stieche bleift, mee sech positiv op d’Betriber zu Lëtzebuerger an am Rescht vun der Welt auswierkt. Den Zentrum erméiglecht eis, Betriber an ëffentlech Ariichtungen z’ënnerstëtzen, déi an d’Innovatioun investéiere wëllen”, huet den Här Duprel matgedeelt.
Wëllt Dir, datt Äre Betrib zu engem Leader an der Industrie gëtt? Oder wëllt Dir en Deel vun der Zukunft vun der Technologie sinn? Fannt weider Informatiounen iwwer d’Partnerschafte vum SnT hei, oder schéckt Är Demande fir matzemaachen un: snt-tto@uni.lu