E Sonndeg den Owend hat d'FIFA decidéiert, d'Spär fir d'1/8-Finall vum US-Stiermer Folarin Balogun opzehiewen. Dësen hat am Match géint Bosnien-Herzegowina déi Rout Kaart gesinn. Grond fir d'Ophiewe soll en Telefonat tëscht dem Donald Trump an dem FIFA-President gewiescht sinn, hate vertraulech Sourcen aus den USA gemellt.
E Méindeg huet den US-President selwer confirméiert, datt hien den Gianni Infantino gefrot hätt, fir d'Spär opzehiewen. "Dat Eenzegt wat ech gemaach hunn, war ze froen, nach eemol nozekucken. Ech hunn net gesot, 'du muss dat maachen'", huet den Trump preziséiert. Donieft huet hien d'Decisioun vum Arbitter als "schrecklech" bezeechent.
"Ech hunn nëmme gefrot, datt et soll iwwerpréift ginn, well ech mengen net, datt et e Foul war", esou den US-President weider. De Futtball-Expert Trump huet donieft zouginn: "Den Arbitter huet him Rout ginn. Ech wousst guer net, wat dat géint bedeiten."
Am Laf vum Méindegnomëtteg huet d'RBFA sech gemellt a mat der FIFA ofgerechent, nodeems d'Federatioun sech scho leschte Samschdeg "entsat" gewisen hat, wéi d'rout Kaart géint den US-Spiller Folarin Balogun opgehuewen an an e Sursis ëmgewandelt gi war.
Déi eenzeg Äntwert vun der FIFA op hir Froe wier bis elo gewiescht, datt si déi belsch Korrespondenz als Asproch géing betruechten, dass e Riichter ernannt gi wier an dass de belsche Verband just puer Stonnen Zäit hätt, fir en Appell ze komplettéieren.
Onofhängeg vum Ausgang vun der Partie géint d'USA wier ee bei der RBFA zudéifst besuergt iwwert de Verlaf vun den Ereegnisser. An den nächste Stonnen an Deeg géing ee weider fir d'Verdeedegung vun de grondleeënde Prinzippie vun der Ethik a vun der fairer Competitioun am Interessi vum Futtball kämpfen.