D'Staatsschold kéint bis d'Joer 2031 op 39% vun der wirtschaftlecher Leeschtung klammen. De budgetären Defizit géing dann och net méi d'europäesch Limitten anhalen. Dovunner geet den internationale Wärungsfong an engem neie Rapport aus.
E Méindeg de Moie loosse mer de Finanzminister Gilles Roth hei op RTL dorop reagéieren.
Mir froen hien ob ënner deenen Ëmstänn méi Netto vum Brutto fir jidderee wierklech nach verantwortlech ass oder ewéi hien d'Lag wëll riichtbéien.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.