
No der rouder Kaart fir den US-Stiermer Folarin Balogun am Match géint Bosnien-Herzegowina hat sech den Donald Trump perséinlech beim FIFA-President Gianni Infantino agesat, fir d'Spär nodréiglech opzehiewen. Dat mellen eng Rei vertraulech Sourcen aus den USA. Deemno gouf d'Spär vun engem Match e Sonndeg tatsächlech opgehuewen. De Balogun, dee mat dräi Goler aktuell den Top-Buteur vu senger Ekipp bei dëser WM ass, steet den USA soumat fir d'1/8-Finall géint d'Belsch an der Nuecht op en Dënschdeg zur Verfügung.
Den Trump soll den Infantino no der rouder Kaart e Mëttwoch ugeruff an e gebieden hunn, d'Decisioun ze iwwerpréiwen, sou krut et d'AFP aus zwou Quellen, déi mam Fall vertraut sinn, e Sonndeg gemellt. Virdrun hat den US-Ausseminister Marco Rubio schonn ëffentlech d'Ophiewung vun der Spär gefuerdert.
"Merci un d'FIFA dofir, dat Richtegt ze maachen an eng grouss Ongerechtegkeet réckgängeg ze maachen", huet den Trump e Sonndeg no der revidéierter Decisioun vum Weltverband op senger Plattform Truth Social geschriwwen.
De belsche Futtballverband huet sech "erstaunt" gewisen. D'Decisioun géing "am direkte Widdersproch" zu de FIFA-Regularie stoen. Et huet een annoncéiert, "all méiglech Optiounen" ze préiwen. "Ech wosst net, datt bei der FIFA-Weltmeeschterschaft de 5. Juli elo den 1. Abrëll ass an dass et den Dag vun den Abrëllsgecken ass", huet de belschen Trainer Rudi Garcia op enger Pressekonferenz gesot.
De belsche Golkipp Thibaut Courtois sot, et wier "eng kleng Iwwerraschung" gewiescht, datt de Balogun réischt een Dag virum Match d'Spillerlabnis krut hätt. "Wier dat méi fréi geschitt, hätte mir eis vläicht mental besser drop virbereede kënnen."
D'US-Ekipp huet d'Noricht positiv opgeholl. "Dat gëtt eis natierlech e Schub", sot de Stiermer Christian Pulisic engem Bericht vun "The Athletic" no. "Et ass eng fair Decisioun, well et hätt niimools eng rout Kaart dierfe ginn", betount den Trainer Mauricio Pochettino. D'Strof wier fir en ongewollte Feeler "ze haart", sot en.
De Balogun war e Mëttwoch am Match géint Bosnien-Herzegowina no engem Trëtt op de Knéchel vu sengem Géigespiller vum Terrain gesat ginn. De Stiermer selwer huet e Freideg nach gesot, hie misst d'Routspär akzeptéieren.
D'FIFA huet op den Artikel 27 vun hirem Disziplinarkatalog verwisen, dee seet, datt eng Strof fir ee Joer op Sursis ausgesat ka ginn. Vun dëser Reegelung hat och de portugisesche Superstar Cristiano Ronaldo profitéiert, nodeems en am November bei engem WM-Qualifikatiounsmatch géint Irland vum Terrain gesat gi war. De Ronaldo gouf vun der FIFA fir d'éischt fir dräi Matcher gespaart. Hien huet dunn awer just d'Qualifkatiouns-Duell géint Armenien verpasst. D'Spär gouf duerno fir ee Joer op Sursis ausgesat.