Josée Lorsché réckelt an d'Chamber noJoëlle Welfring wiesselt bei d'Europäesch Investitiounsbank

Roy Grotz
Et kënnt am Hierscht zu engem net-geplangte Wiessel bei de Gréngen an der Chamber.
D'Joëlle Welfring bei enger Aktualitéitsstonn am Dezember 2023.
D'Joëlle Welfring bei enger Aktualitéitsstonn am Dezember 2023.
© Chambre des Députés

D'Joëlle Welfring gëtt hiren Deputéierte-Posten op, fir bei d'Europäesch Investitiounsbank (BEI) ze wiesselen. Dës RTL-Informatioun krute mir vun der concernéierter Volleksvertriederin confirméiert.

D'Süd-Deputéiert, déi annerhalleft Joer an der Dräier-Koalitioun Ëmweltministesch war a virdrun Direktesch vun der Ëmweltverwaltung, souz zanter dräi Joer fir hir Partei an der Chamber.

D'Madamm Welfring war in extremis 2022 an déi gréng Partei agetrueden, nodeems d'Polit-Novizin nom Récktrëtt vum Carole Dieschbourg Ëmweltministesch gi war. D'Carole Dieschbourg hat deemools an der Suite vun der Gaardenhaischen-Affär hire Récktrëtt eragereecht.

Fir déi Gréng réckelt d'Drëttgewielt op der grénger Südlëscht, déi aktuell éischt Beetebuerger Schäffen, Josée Lorsché nees um Krautmaart no. 2011 war déi 64 Joer al Politikerin eng éischte Kéier fir de Jean Huss an d'Chamber nogeréckelt - vun 2018 bis 2023 war si och Fraktiounscheffin vun de Gréngen. D'Enseignante, déi an den 80er Joren am Anti-Atom-Mouvement aktiv war, ass zanter iwwer véier Joerzéngte bei de Gréngen aktiv.

D'Josée Lorsché bei enger Chamberplenière am Dezember 2023.
D'Josée Lorsché bei enger Chamberplenière am Dezember 2023.
© RTL Archiv

Parallel zu dëser Rochade an der Chamber gëtt och am Staatsrot e Poste fräi, deen déi Gréng mat enger Conseillère haten. Nodeem d'Affekotin Deidre Du Bois d'lescht Woch als Vize-Bâtonnière genannt gouf, gëtt si hir Plaz am Staatsrot op.

Et ass un der Regierung, fir en neie Member vum Staatsrot ze nominéieren. De leschte fräie Poste war fir de Suessemer DP-Politiker Max Lehnen, deen de Georges Kohn an Zukunft am héije Gremium ersetzt.

D'Schreiwes vun déi Gréng op hirem Site.

Back to Top
CIM LOGO