Sponsored ContentDëst Joer kann Äre gudde Virsaz Liewe retten!

RTL Lëtzebuerg
Mir sti kuerz virum Enn vun engem weideren aussergewéinlechen a schwierege Joer fir vill Fammilljen op der ganzer Welt.
© Unicef - Haoussa, 6 Méint

Vill Problemer, déi et scho virdru gi sinn, esou wéi Aarmut an Ënnerernierung hu sech 2021 nach verschäerft. Sou schätzt d’UNICEF, datt an de kommende Méint méi ewéi 7,2 Millioune Kanner dringend musse gehollef kréien, well si schwéier ënnererniert sinn.

Fir d’Iwwerliewe vun dëse Kanner ze sécheren an hinnen z’erméigleche sech gesond z’entwéckelen, brauch d’UNICEF Hëllef.

Duerfir ruffe mir Iech dëst Joer op, en duebele Virsaz ze huelen: een dee sech positiv op Äert Liewen auswierkt an en zweete fir engem ënnerernierte Kand ze hëllefen. Seng Virsätz ëmzesetzen ass net ëmmer ganz einfach. Mir kënnen Iech awer garantéieren, datt Är Hëllef och wierklech do ukënnt, wou se gebraucht gëtt.

Dem Haoussa seng Geschicht

Dat klengt Haoussa huet sechs Méint. Hatt wunnt mat senger Mamm Amina a senge Geschwëster an engem Flüchtlingscamp am Tschad, nodeem si wéinst den arméierte Konflikter hu missen aus der Zentralafrikanescher Republik flüchten.

D’Amina hat net genuch Mëllech fir seng dräi kleng Kanner, déi dowéinst un Ënnerernierung gelidden hunn. No e puer Wochen Traitement, geet et dem Haoussa schonn erëm vill besser. Seng Mamm ass frou, datt hatt erëm zu Kräfte komm ass.

D’Haoussa gëtt an engem Nutritiounszenter vun der UNICEF betreit, wou d’Puppelcher an d’Kanner ënnersicht an entspriechend hirem Alter an der Gravitéit vun hirem Zoustand no behandelt ginn.

D’Haoussa ass mat enger spezieller Past aus Kakuetten, Ueleg, Zocker, Mëllechpudder, Vitaminnen a Mineralstoffer behandelt ginn. Dës Past, déi all Joer vun der UNICEF fir den Traitement vu Millioune Kanner op der Welt agesat gëtt, ass en onverzichtbaart an extrem wierksaamt Instrument am Kampf géint d’Ënnerernierung.

Mat Ärer Spend, traitéiere mir Kanner géint d’Mangelernierung. Hëlleft eis hëllefen.

Villmools Merci fir Äre gudde Virsaz, dee Kanner wéi dem Haoussa hëllefe wäert. Mat 54 € kënne mir e Kand fënnef Woche laang behandelen.

Mir wënschen Iech e glécklecht a gesond neit Joer!

Back to Top
CIM LOGO