
Siwe Joer Prisong, dovu fënnef mat Sursis - um Appellsgeriicht gouf en Dënschden d'Strof aus éischter Instanz fir e fréiere Sozialaarbechter vum Office social vu Suessem confirméiert. Hie war wéinst néng Fäll vu sexuellen Iwwergrëff an enger Vergewaltegung viru Geriicht komm.
Hien hat d'Nout vun de Fraen, déi sech beim Office social gemellt hunn, a seng Muechtpositioun ausgenotzt, fir si ze belästegen. D'Faite ginn op d'Zäit tëscht 2010 bis 2019 zeréck. De Mann soll mat senge gudde Kontakter zum fréiere Suessemer Buergermeeschter Georges Engel uginn an de Fraen ze verstoe ginn hunn, datt hinnen hir Sozialleeschtunge kéinte gekierzt ginn, wa si den Abus net géifen iwwert sech ergoe loossen, respektiv engem eppes dovu géifen erzielen.