Fliger-Wiessel an EnglandUS-President wollt zu Ankara net a säi Katar-Fliger klammen

RTL mat AFP
An England huet den US-President an de Luxusfliger gewiesselt, mat deem hien dann zeréck an d'USA geflunn ass.
Op der Royal Air Force Base zu Mildenhall am Oste vun England ass den Donald Trump vu senger aler Air Force One an déi nei, déi hie vum Katar geschenkt krut, ëmgeklommen.
Op der Royal Air Force Base zu Mildenhall am Oste vun England ass den Donald Trump vu senger aler Air Force One an déi nei, déi hie vum Katar geschenkt krut, ëmgeklommen.
© SAUL LOEB/AFP

Den US-President Donald Trump huet iwwerraschend op säi Luxusfliger aus dem Katar verzicht, wéi hie vum NATO-Sommet zu Ankara aus zeréck an d'USA sollt fléien. Um Wee dohinner war hien nach mat der neier "Air Force One" ugereest. Fir den Depart zu Ankara awer huet den US-President op d'Ersatzmaschinn aus der aler Air-Force-One-Flott zeréckgegraff. Dës ass dono a Groussbritannien tëschegelant, wou den d'US-President an d'Maschinn aus dem Katar ëmgeklommen ass. Dëst huet Spekulatiounen ausgeléist, datt d'Luxus-Maschinn, déi den Donald Trump geschenkt krut, Sécherheetsmängel géif opweisen an ee gefaart huet, datt dës dowéinst zum Zil vun enger iranescher Attack kéint ginn.

Wéi "d'New York Times" e Mëttwoch den Owend gemellt huet, wier dës Prozedur op Wonsch vum US-Geheimdéngscht duerchgefouert ginn, dat als "Sécherheetsmesure". Déi nei Maschinn huet verschidde Sécherheetsequipementer net, déi awer bei den ale Aire-Force-One-Fligeren dozougehéieren. Et geet een awer net dovunner aus, datt den Austausch net wéinst enger konkreter Menace duerchgefouert gouf.

US-President wollt zu Ankara net a seng Katar-Air-Force-One klammen
Den Donald Trump gouf mat enger "aler" Presidentemaschinn an England geflunn, wou hien dunn a säi Luxusfliger ëmgeklommen ass.

Den US-President selwer hat um NATO-Sommet gesot, datt den Iran hie wëll dout gesinn. "Ech sinn d'Nummer Eent op hirer Doudeslëscht", esou sot hie géintiwwer Journalisten, déi hie gefrot hunn, ob hie wéinst enger Menace op den neie Presidentefliger verzicht.

"Mir wëllen de Kapp vum Trump", hat e regimmtreien Iraner e Méindeg geruff, dat am Kader vum Begriefnis vum Ajatollah Ali Chamenei, dee jo am Ufank vun den amerikaneschen an israeeleschen Attacken Enn Februar ëm d'Liewe koum. Den Donald Trump hat déi nei iranesch Féierung um Bord vum NATO-Sommet als "Dreck" ("Scum") bezeechent an deklaréiert, datt d'Wafferou eriwwer wier.

De Fliger, deen den Donald Trump aus dem Katar als Kaddo krut, huet ee Wäert vun iwwer 400 Milliounen US-Dollar an ass an den USA schonn zanter méi laangem e grousst Gespréichsthema. Beim Fluch op den NATO-Sommet zu Ankara war déi éischte Kéier, datt den US-President dës Maschinn fir en Auslandsvoll benotzt huet. Ufank Juli war d'Maschinn eng éischte Kéier bei enger Déngschtrees an den USA an den Asaz komm.

Vun Ufank u gouf et Sécherheetsbedenken, well de Katar an der Vergaangenheet islamistesch Gruppe wéi d'Hamas ënnerstëtzt huet. D'Oppositioun huet dem Donald Trump wéinst dësem Kaddo och virgeworf, datt hie bestiechlech wier. De President huet awer all Kritik ignoréiert an déi nei Maschinn als "Wäisst Haus, datt flitt" esou wéi och als "luxuriéiste Fliger vun der Welt" bezeechent. Éier déi nei Air Force One awer a Betrib geholl gouf, wier d'Maschinn dem Donald Trump no sécherheetstechnesch op "presidentiellen Niveau" gesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO