Lëtzebuerg war, wéi vill aner Deeler vun Europa och, rezent vun enger Canicule betraff, wéi et se an eiser Géigend net dacks gëtt. Virun deem Hannergrond gouf e Mëttwoch an der Chamber wärend enger Aktualitéitsstonn doriwwer diskutéiert, wéi Lëtzebuerg sech besser fir zukünfteg Hëtztwellen opstelle kann. An déi Debatt war nawell deels e bëssi méi hëtzeg.
An dat louch virop un den Aussoe vum Fred Keup. Wärend d'Vertrieder vun deenen anere Parteie sech doriwwer eens waren, datt Canicullen an Zukunft een zolitte Problem duerstellen dierften, huet den ADR-Fraktiounspresident et komesch fonnt, datt sech sou doriwwer opgereegt gëtt, wann et am Summer mol méi waarm ass, fréier hätt ee sech doriwwer gefreet. D'Leit bräichten och net de Staat, fir ze wëssen, wat se maache sollen, wann et méi waarm ass. Gläichzäiteg huet hien awer selwer gemengt, datt et op verschiddene Plazen deels méi waarm wier wéi fréier an dofir géing et och ee ganz spezifesche Grond ginn.
"Wann der kuckt, 1990 hate mir hei am Land 5 Prozent verbaute Fläch, 35 Joer dono si mer op 12 Prozent verbauter Fläch, dat heescht ee vun deene grousse Grënn ass de Bevëlkerungswuesstem. A fir déi Leit, déi nach méi Bevëlkerungswuesstem wëllen ..."
Et gouf zolidd Rumouers an Tëscheriff
Dono hat een e bëssi den Androck, wéi wann et eng Froestonn un de Fred Keup a keng Aktualitéitsstonn wier. D'Djuna Bernard vun deene Gréngen, déi den Debat ugefrot hat, huet mol fir d'éischt kloergestallt, datt, anescht wéi de Fred Keup virdru behaapt hat, si Klimaanlagen duerchaus als Deel vun der Léisung géing gesinn. Generell hat si kee Versteesdemech fir den Toun vum ADR-Politiker senger Ried.
"Ech sinn e bëssi erféiert, Dir ridiculiséiert hei eng Debatt, déi ech ugefrot hunn, wou et wierklech ëm déi vulnerabelst Mënschen an eiser Gesellschaft geet. Mënschen, déi an deene leschte Wochen enorm gelidden hunn, wou a staatleche Gebaier hu musse liewen a wou ganz sécher net op alle Fronten alles fir déi sou super war."
An hirer Ried hat d'Djuna Bernard virdrun och gefuerdert, datt all ëffentlech Ariichtung een Hëtzeschutzplang ausschaffe sollt, deen dann och an enger verständlecher Sprooch formuléiert misst sinn.
De Marc Baum vun deene Lénken huet eng spezifesch Beruffsgrupp ugeschwat, déi besonnesch ënnert den héijen Temperature gelidden hätt.
"Dat si manuell Aarbechter, dat si Leit, déi ganz dacks dobausse musse schaffen, ënnert deene Konditiounen, déi Makadamm maachen oder Haiser bauen, déi net am Schied sinn, déi och kaum Méiglechkeeten hunn, sech zeréckzezéien."
De Marc Goergen vun de Piraten huet sengersäits bedauert, datt an der Vergaangenheet d'Chance verpasst gi wier, sech besser op Hëtztwellen ze preparéieren.
"2020 hat ech hei nämlech eng Motioun matbruecht, fir aus der Wanteraktioun eng Summeraktioun ze maachen, déi deemoleg Majoritéit hat dat nämlech ofgeleent gehat, dann hätte mer déi Diskussioun net, wou een am Summer kann higoen, wann eben déi grouss Hëtzt wär. Dat selwecht ass um Gemengenniveau, wann ee kuckt, bei eis steet de Centre culturel ëmmer eidel, firwat deen net einfach opmaachen, wa sou eng grouss Hëtzt ass?"
D'Canicule hätt gewisen, datt d'Klimarealitéit sech méi séier ännere géing wéi eis Strukturen, huet iwwerdeems de Ricardo Marques vun der CSV gemengt. An och wa vill Leit dat net gäre géingen héieren, misst ee sech un de Gedanke gewinnen, datt dëse Summer méi kill dierft si wéi déi, déi an Zukunft op eis duerkommen.
D'Mandy Minella vun der DP huet de Fokus op eeler Leit geluecht. Dës wiere besonnesch vulnerabel an dowéinst wier et gutt gewiescht, datt de Familljeministère séier reagéiert hätt an zum Beispill eng Offer fir déi Leit zur Verfügung gestallt gouf, déi eleng wunnen a keen an hirem privaten Ëmfeld hunn, deen no hinne kuckt.
D'Presidentin vun der LSAP-Fraktioun Taina Bofferding huet d'Fro gestallt, ob d'Regierung d'Canicule wierklech seriö genuch geholl hätt. Et wier keng national Cellule de crise ageruff ginn, mee et wier éischter um Beamtenniveau berode ginn.
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet ënnerstrach, datt d'Versuergung vum Land wärend der Canicule zu kengem Moment a Gefor gewiescht wier. Et wier ee Stresstest, awer keng Katastroph gewiescht.