War a Portugal am SpidolSängerin Bonnie Tyler am Alter vu 75 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Déi walisesch Sängerin Bonnie Tyler, déi bekannt war fir Lidder wéi "Total Eclipse of the Heart", "Holding on for a Hero" an "It's a Heartache" ass am Alter vu 75 Joer a Portugal gestuerwen.
© AFP/Archiv

Déi walisesch Sängerin Bonnie Tyler, déi bekannt war fir Lidder wéi "Total Eclipse of the Heart", "Holding on for a Hero" an "It's a Heartache" ass am Alter vu 75 Joer a Portugal gestuerwen.

Iwwer hir Websäit hu Representante vun der Kënschtlerin matgedeelt: "Dem Bonnie seng Famill an hiren Team sinn traureg matzedeelen, datt d'Bonnie lescht Nuecht onerwaart an enger Klinick a Portugal gestuerwen ass, an der Folleg vun der Krankheet, wéinst där si traitéiert gouf."

Am Mee war d'Sängerin a Portugal an ee kënschtlecht Koma verluecht ginn, nodeems si an engem Noutfall huet missen operéiert ginn. D'Sängerin war zu Faro aus dem Koma erwächt, ma wéi et schéngt war si domat nach net iwwert de Bierg.

D'Bonnie Tyler war ee grousse Star an de 70er an 80er Joren, wou si mat Hit-Ballade wéi "Total Eclipse of the Heart", "Holding on for a Hero" an "It's a Heartache" weltberüümt gouf. Hir éischt Single "Lost in France" war 1977 erauskomm. Hir hire gréissten Hit "Total Eclipse of the Heart" krut si eng Grammy-Nominatioun.

D'Bonnie Tyler war bis zulescht musikalesch aktiv. 2013 huet si Groussbritannien um Eurovision Song Contest vertrueden. Fir dëst Joer hat si u sech eng Europa-Tournée geplangt, déi am Mee hätt sollen ufänken a wou si och an Däitschland op Open-Air-Concerten hätt solle sangen.

Back to Top
CIM LOGO