Sponsored ContentD’Reschtscholdversécherung, eng Ugeleeënheet vum Assureur

RTL Lëtzebuerg

Dir sidd Proprietär oder Dir sidd kuerz virdrun eppes ze kafen da wësst Dir: Soubal Dir Äre Kredit accordéiert krut, kritt Dir geroden, nieft Ärem Kredit, eng Reschtscholdversécherung ofzeschléissen, also eng Versécherung ofzeschléissen, déi de Reschtmontant vun Ärem Kredit am Fall wou ee géif stierwen oder invalid ginn,  ofdeckt.

Dës Versécherung gëtt an der Reegel vun der Bank ugebueden, wou Dir de Kredit hutt, dës Ugeleeënheet gehéiert awer zum Kärgeschäft vun engem Assureur. Wie kéint da besser, wéi den Assureur, Iech déi beschte Versécherung ubidden?

Dëst ass eng Versécherung fir all Mënsch, deen en neien Immobiliëkredit ophëlt an op déi een net verzichte soll. D’Reschtscholdversécherung garantéiert, datt de Prêt am Fall vun engem Liewensaccident (Stierffall oder Invaliditéit) vun där Persoun, déi de Kredit opgeholl huet, de Montant vum Kredit zeréckbezuelt gëtt. Dëst gëtt Iech d’Méiglechkeet, fir an aller Rou Är Pläng ze maachen an Äre Leit eng eventuell héich Schold wann en Ongléck géif passéieren, z’erspueren.

Wéi funktionéiert d’Reschscholdversécherung

D’Reschtscholdversécherung baséiert op dem Kredit, deen opgeholl ginn ass, deen op déi Zäit begrenzt ass an deen och op d’Dauer vun de Remboursementer vum Kredit beschränkt ass. Dee Montant, dee vun der Versécherung all Mount erofgeet gëtt duerch en “Tableau d’amortissement” bestëmmt, deen am Kontrakt vum Kredit, festgeluecht gëtt. An engem Stierffall oder am Fall vun enger Invaliditéit vum Versécherten, gëtt de Reschtmontant, deen nach opsteet, vun der Versécherung iwwerholl, déi dee Montant un d’Bank iwwerweist an sou déi concernéiert Leit vun enger Schold befreit.

Déi meeschte Reschtscholdversécherunge ginn zwar an der Relatioun mat engem Immobilieprojet ofgeschloss, Dir kënnt awer och aner gréisser Kreditter, wéi z.B. de Kaf vun engem Auto, eng Rees oder Renovatiounsaarbechten iwwert dee Wee ofdecken.

D’Primme kënnen an enger Kéier oder iwwert enger Dauer, all Trimester oder all Mount, zeréckbezuelt ginn.

Fir de Montant vun der Primm ze definéieren, ginn eng Partie Elementer berécksiichtegt, déi vu Fall zu Fall variéieren: de Montant vum Kredit, den Zënssaz, d’Dauer vum Kredit, den Alter vum (vun) de(m) Versécherten, de Gesondheetszoustand an den Ëmfang vun de Garantien.

D’Reschtscholdversécherung bitt eng héich Flexibilitéit. Wéi scho virdru beschriwwen, kann de Versécherte wielen, ob hie sech an engem Stierffall, enger kompletter oder partieller Invaliditéit, verséchere wëll an e ka souguer am Fall wou ee seng Aarbecht verléiere géif, de Réckgang vun senge Revenue mat ofdecken.

Sou ass et och méiglech, fir de Montant vum Kredit ënnert e puer Matversécherter opzedeelen, dëst alles a Relatioun mat deenen hire Revenuen, kierperlecher Verfassung a Liewensweis. ( eng Opdeelung wéi 100%-75%, 75%-75%, 50%-50%, asw.)

Wat sinn d’Virdeeler vun enger Reschtscholdversécherung?

Nieft engem substanzielle Schutz vun dem de Versécherten a seng Leit profitéieren, huet d’Reschtschold awer och steierlech Virdeeler. Bei der Steiererklärung vum Steierzueler, kënnen déi scho bezuelte Primmen vu sengem Akommes, wat ze versteieren ass, ofgezu ginn. Bei reegelméissege Remboursementer vun de Primmen, kënnen déi verséchert Persoune bis zu 672 Euro pro Member am Stot ofsetzen.

Dëse Montant deen een ofsetze kann, kann duerch d’Unzuel vu Leit a vu Kanner, déi an engem Stot liewen, variéieren. Zum Beispill, kann eng Famill mat 2 Kanner am Joer vun enger steierlecher Vergënschtegung vun 2688 Euro pro Joer am Kader vun der Reschtscholdversécherung, profitéieren.

Am Fall vun enger eemoleger Primm, déi also an enger Kéier ganz bezuelt gëtt, hänkt de maximale Betrag vun de Vergënschtegunge vun dem Alter vum Steierzueler an der Unzuel vu Leit, déi am Stot liewen of, duerch déi et méiglech ass, duerch déi méi héich ofsetzbar Héchstbeträg vun engem Steiersystem mat méi Virdeeler, ze profitéieren. Sou kann e Single, dee viru sengem 30. Gebuertsdag eng Reschtscholdversécherung ofschléisst an dës an enger Kéier rembourséiere wëll, bis zu 6000 Euro vu senger Steiererklärung ofsetzen.

D’Reschtscholdversécherung ëmfaasst awer nach weider Facteuren, déi bei der Optimisatioun vun de Steieren berécksiichtegt musse ginn.

Et ass also eng gutt Iddi, fir sech beim Ofschléisse vun enger Reschtscholdversécherung, sech vun engem Assureur gutt beroden ze loossen, sief et fir de beschte Versécherungsschutz ze kréien, wéi och déi richteg steierlech Formel erauszesichen.

Weider Informatioune fannt Dir ënnert dësem Link:
https://www.baloise.lu/de/Privatekunden/Mein-Geld-und-meine-Zukunft/restschuldversicherung.html

Back to Top
CIM LOGO