De Sam Houblie ass 33 Joer al, huet Autismus an Dyslexie an offiziell de Status Handicap: et ass eng invisibel Beanträchtegung. Als Kand hat hien et net ëmmer einfach: Obschonns d'Léierpersonal deelweis vill Versteesdemech hat, war d'Schoul fir hie schwiereg. Nieft negative Remarke vu Klassekomeroden huet net nëmmen hien dorënner gelidden, ma och seng Mamm, déi Remarke vun anere Mamme krut:
"'Firwat ass däi Kand esou? Dat läit dach un dir.’ Wéi ech dann heiansdo gesinn hunn, wéi se dann heiansdo an hirer Kummer gekrasch huet, hannert der Dier, déi si probéiert zouzemaachen, dass ech et net matkréien.”
No der Primärschoul ass hien an de Modulaire orientéiert ginn, haut seet hien, dass dat deemools déi bescht Optioun fir hie war. No senger Schoul huet hien eng Ausbildung zum Metzler gemaach, huet dono awer e ganz anere Parcours ageschloen, an huet am Finanzsecteur geschafft, dono seng Meeschterprüfung zu Landshut gemaach, an dann nach zu Tréier en Diplom an der Gestioun vun Entreprisen. Haut schafft hien als Personaldirekter bei RAK Porcelain zu Beetebuerg.
Obschonns sozial Interaktiounen him ni wierklech liicht gefall sinn, sicht hien aktiv de Kontakt zu de Leit an der Entreprise, souwuel zu deenen, déi an de Büroe sëtzen, ewéi och deenen, déi am Lager schaffen, an och dem Personal vun der Nuetsschicht. An iwwert dës Interaktiounen denkt hie vill no, wat hien als Personalchef als immens wichteg ugesäit.
“A generell och, wann ech dann owes um Heemwee sinn nach eng Kéier den Dag Revue passéiere loossen, do huelen ech mer awer ëmmer ganz vill Gedankenzäit fir déi sozial Interaktioun, well et ass déi am komplexsten, awer och déi wichtegst.” Virun allem wann een am Beräich vum RH schafft, seet hien.
Well de Sam eng Schwieregkeet mam Engleschen huet, RAK Porcelain awer an den Arabeschen Emirate baséiert ass an doduerch vill international Reuniounen online op Englesch sinn, krut hie Kopfhörer zur Verfügung gestalt, déi him dat, wat am Meeting geschwat gëtt, live iwwersetzen, soudass hien awer alles ouni Probleemer suivéieren an aktiv participéiere kann.
Weiderhin huet hien en extrae Brëll, deen hie mat sengem Handy ka connectéieren. Am Brëll ass eng Kënschtlech Intelligenz, an an de Glieser sinn Ecranen agebaut, mat deenen hie seng Rendez-vouse kann nokucken, an duerch déi hien och Transkriptioune kritt, wann hie seng Kopfhörer net huet.
Fir dat Geschriwwent op der Aarbecht, zum Beispill Mailen, huet hien en Headset, mat deem hien dem ChatGPT op Däitsch diktéiert, an no enger lëtzebuergescher Iwwersetzung freet. Et wieren alles Zeechen, datt eng Aarbechtsplaz sech der Persoun upasse sollt an dat och méiglech ass, seet de Sam Houblie.
Nieft senger Aarbecht ass hie vill engagéiert, ënnert anerem bei der Chambre des salariés, der Handelskammer, der Luxembourg Retail Federation, an och Info Handicap. Fir de Sam Houblie ass et wichteg, sech z’engagéieren:
“Seng Verantwortung ze iwwerhuelen an der Gesellschaft, fannen ech, gëtt ëmmer méi wichteg. Ech gesinn et als meng sozial Verantwortung och eng Roll ze iwwerhuelen. Eng Roll ze iwwerhuelen, fir déi Leit, déi vläicht eng Difficultéit hunn, déi sech vläicht net esou kënnen ausdrécken ewéi ech. Eng Roll ze iwwerhuelen, fir vläicht och Kanner oder Erwuessener, déi vläicht och eng Mamm mol haten, déi gekrasch huet hannert der Dier, a wat ee gespuert huet, wou ee gemierkt huet, wéi déi Persoun och un d'Limitte komm ass an net méi wosst weider.”
Eng aner Associatioun, mat där hien enk zesummeschafft, ass d'Fondatioun Henri-Maria Teresa. An dësem Kader kollaboréiert hie mam Prënz Louis — dee jo selwer eng Dyslexie huet — a sensibiliséiert fir eng besser Inclusioun vun Neurodiversitéit an den Entreprisen. Dorënner falen ënnert anerem Autismus, Dyslexie, Dyskalkulie, an ADHS.
Et wier nach Aarbecht néideg, fir de Leit kënne konkret ze hëllefen, datt si wëssen, wou si Hëllef fannen, a wéini, esou de Prënz Louis. Deel vun der Aarbecht vun der Fondatioun ass de Forum Dyslexie. Bei deem kréien déi Betraffen d'Méiglechkeet, hir Probleemer a Bedenken ze deelen, ewéi och, datt et eng Geleeënheet ass, aner Betraffener kennenzeléieren a sech iwwert potenziell Léisungen auszetauschen.
“Et ass wonnerbar, wéi wäit mir komm sinn am Land, mee och dann, wat muss nach gemaach ginn? Wat si vläicht Probleemer? Wat sinn europäesch-wäit Probleemer déi mir nach hu mat der Dyslexie?" wërft de Prënz Louis op."Well wat mir am Land gesinn, dat ass net nëmmen am Land, dat ass iwwerall de Fall. A wéi kënne mir am Land de Saachen hëllefen, a wéi kënne mir och e Beispill hei am Land si fir déi aner Länner an Europa, an dann, firwat net nach méi wäit vun Europa ewech? D'Ambitioun ass grouss, d'Ambitioun ass, déi bescht ze sinn, an e Beispill an Europa weiderzebréngen.”
Et wier wichteg, datt d'Entreprise wëssen, dass Dyslexie en Atout ka sinn, well Leit mat Dyslexie Stäerkte matbréngen, déi anerer vläicht net hunn. Ee Beispill wier dat dräidimensionaalt Denken, wat sech dorop bezitt, datt Dyslexiker dacks e Lien tëscht zwee Elementer kéinte maachen, déi keng direkt visibel Connexioun hunn.
“Et muss een och dat beweise kënnen a weise kënnen, dass Dyslexiker , wa si déi Hëllef hunn, kee Probleem sinn. An net nëmme kee Probleem sinn, mee eng richteg Stäerkt fir d'Entreprise," seet de Prënz Louis.
En anere wichtege Punkt wier, dass Dyslexiker sech ni misste schummen oder doriwwer äusseren, virun allem net, well si sech forcéiert spieren. Wa si et deelen, da sollt dat sinn, well si et wëlle mat aneren deelen.
De Sam betount, dass verschidden Ännerunge mussen an der Gesellschaft geschéien: “Mir musse verschidde Saachen anescht upaken, verschidde Saachen anescht maachen. An dat geet nëmme mat de Mënschen, a fir mat de Mënsche muss een um Terrain sinn. Et muss een och selwer kënnen upaken, et muss een dat selwer eng Kéier erlieft hunn, wéi haart déi Aarbecht ass.”