Background am Gespréich (11. Juli) Jeannot Waringo, fréieren Direkter vun der IGF

Roy Grotz
E Samschdeg ass de Jeannot Waringo eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

De Mann am Schiet vun de Ministeren an der Regierung, den Zuele-Mënsch, deen d'Staatsfinanzen iwwer laang Jore matregéiert huet.

De Mann, deen iwwer véier Joerzéngten d'Geschécker an d'Strategie vun der Bunn matdecidéiert huet an de Mann, deen d'viregt Regierung geruff hat, fir d'Organisatioun vum Haff ze hannerfroen, dee Mann, de Jeannot Waringo, huet sou munches zu Staatsfinanzen an der Ausriichtung vum Budget ze soen.

De fréieren IGF-Direkter ass Invité am RTL-Background. Mam Jeannot Waringo geet et souwuel ëm Zuelen, wéi och ëm Mënschleches an ëm dat, wat hien an enge sëllege Verwaltungsréit wärend senger Carrière mat decidéiert huet.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO