Éischt Halleffinall komplettSpuenien huet dominéiert an 2:1 géint d'Belsch gewonnen

Tom Nols
D'Spuenier hu sech géint d'Belsch duerchgesat an treffen en Dënschdeg an der Halleffinall op Frankräich. D'Iberer waren de Belsch eng Nummer ze staark.
Den Joker Mikel Merino huet erëm d'Partie decidéiert fir Spuenien
Den Joker Mikel Merino huet erëm d'Partie decidéiert fir Spuenien
© PAUL ELLIS/AFP

Zu Los Angeles ass de Géigner vu Frankräich gesicht ginn, woubäi Spuenien de klore Favorit war. Fir d'Belsch war et scho virum Upëff eng schlecht Nouvelle, wéi de Kapitän Youri Tielemans sech beim Opwierme blesséiert hat an ausgefall war. Fir hien hat de Vanaken ugefaangen. Virun der Partie war en Minutt Rou am Stadion, fir den Affer vun de rezente Bëschbränn a Spuenien ze gedenken.

Éischt Hallschent

Béid Ekippen hunn ënnert den Ae vum belsche Kinnek Philippe ugangs versicht, kee Feeler ze maachen an an de Match ze kommen. Offensiv sollt wéineg geschéien, d'Spuenier hu probéiert, hir Pass-Maschinn an domat de Géigner un d'Lafen ze bréngen.

Eng éischt potentiell geféierlech Situatioun war an der 10. Minutt entstanen, wéi e Schoss vum Rodri vun der belscher Defense konnt deviéiert ginn. An der 13. Minutt wollt de Spuenier Baena en Eelefmeter hunn, nodeems hien aus kierzter Distanz dem Ngoy widder den Aarm geschoss hat. D'Belsch hate bis dohi gutt Usätz gewisen, awer net genuch Impakt, fir doraus Notzen ze zéien. Si hu versicht, sech géint déi spuenesch Dominanz ze wieren. An der 21. Minutt war et de Lamine Yamal aus 18 Meter mat dem éischte richtege Schoss op de Gol, deen awer e gudde Meter lénks dolaanscht goung.

No enger hallwer Stonn war et dunn duerch eng Kombinatioun iwwer riets den Olmo, deen den Thibaut Courtois gepréift hat. Dee Schoss hat de belsche Golkipp nach kënnen ofwieren, den Noschoss vum Fabian Ruiz war dunn awer dran, obwuel de Castagne nach dru war. Nëmme wéineg méi spéit war et e geféierleche Fräistouss aus 17 Meter, deen de Yamal riicht op de Courtois geschoss hat. D'Belsch ware geknéckt, d'Iberer dogéint am Jumm. An der 40. Minutt war et iwwer riets e weidere geféierlechen Ofschloss vum jonken Yamal. An du koum déi 41. Minutt. No enger Flank vum Castagne stoung de Charles de Ketelaere am Fënnefmeterraum, fir am Duell mam Cubarsi eranzekäppen. 1:1 an dem Unai Simón säi WM-Rekord ouni Goler sollt bei 649 Minutte stoe bleiwen.

Zweet Hallschent

Ouni Wiessel goung et an déi zweet 45 Minutten. Den Europameeschter wollt weider dominéieren a koum an der 52. Minutt zu engem éischte geféierleche Schoss duerch de Yamal. De Maxim de Cuyper hat no 55 Minutten d'Chance op d'Féierung, nodeems d'Belsch iwwer lénks geféierlech an de Strofraum komm waren. Säi Schoss aus 10 Meter sollt vun hallef lénks awer baussen op de Filet goen.

No enger Stonn haten d'Spuenier schonn zweemol, d'Belsch souguer dräimol gewiesselt. An der 62. Minutt hunn d'Belsch no enger Flank hefteg protestéiert, ee vun de Spuenier hätt de Ball mat der Hand beréiert. Hat en och, de Ball war awer vum eegene Mann komm. Vum VAR koum dowéinst keng Meldung. Am Géigenzuch hat den Oyarzabal d'Chance op d'Féierung.

Et hat sech ugedeit, mee et war dunn an der 71. Minutt trotzdeem eng batter Pëll fir d'Diables Rouges, wéi hire Golkipp Thibaut Courtois wéinst enger Blessur den Terrain ënner Tréinen huet musse verloossen. Fir hie koum de 24 Joer ale Senne Lammens zu sengem WM-Debut. D'Spuenier wollten d'Belsch mat engem Powerplay an d'Knéien zwéngen, fir d'Schlussphas koumen den Nico Williams an de Mikel Merino eran.

Mat sengem zweete Ballkontakt war et de Merino, deen an der 88. Minutt am Noschoss e stramme Versuch vum Cubarsi erageschoss huet. De sougenannte "Killer vun de Legenden", deen op dëser WM schonn de Cristiano Ronaldo an op der EM'24 Thomas Müller a Co an d'WM-Pensioun geschoss hat. Mat Courtois an de Bruyne stinn elo warscheinlech puer weider grouss Nimm op där Lëscht, well d'Belsch an der Nospillzäit net méi zu enger valabeler Golchance sollte kommen. Insgesamt hunn d'Spuenier verdéngt gewonnen.

Dass d'Belsch de Spuenier den éischte Gol geschoss hunn op dëser WM, wäert kaum en Trouscht sinn. D'Europameeschter wäerten um quatorze juillet géint Frankräich ëm eng Plaz an der WM-Finall spillen. Um 21 Auer wäert dann zu Dallas ugepaff ginn.

Alles ronderëm d’WM fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO