Public Viewing op der Place Léopold zu ArelD'Belsch verléiert géint Spuenien, d'Enttäuschung bei de Fans war grouss

Tim Hensgen
Bei eise belschen Noperen hunn e Freideg den Owend vill Leit hirer Ekipp d'Daume gedréckt. Flott Andréck hu mer ënnert anerem zu Arel gesammelt.

Déi "gëlle Generatioun" vum belsche Futtball ass villäicht eriwwer, mee och ouni De Bruyne, Lukaku a Co. huet sech eisen Noper sportlech bei der WM gesteigert, mee stoung och wéinst der Ofsprooch vun Trump an Infantino politesch am Mëttelpunkt.

Bei de Spuenier ass et nëmmen ëm déi sportlech Leeschtung gaangen an déi ass no fënnef Victoiren ouni Géigegol impressionant. La Roja war an der Véierelsfinall zu LA grousse Favorit, dat wossten och déi belsch Supporter zu Arel. An dofir wier eng Defaite géint den aktuellen Europameeschter keng Iwwerraschung. Mee et war spannend.

Publique Viewing op der Place Léopold zu Arel
Vill Leit hate sech op zu Arel zesummefonnt, fir de Match virum groussen Ecran ze kucken.

Et war en knappe Match, deen Spuenier awer spilleresch dominéiert hunn. (1:0 Fabian 30.Min, 1:1 de Kekelaere 41.Min, 2:1 Merino 88.Min)

Erëm war et de Mikel Merino, deen als Joker kuerz viru Schluss fir d'Decisioun gesuergt huet. D'Emotiounen zu Arel waren zu all Moment ze spieren. Mee um Enn war d'Enttäuschung op der Place Léopold grouss.

Publique Viewing op der Place Léopold zu Arel
Ufanks war d'Hoffnung do, ma d'Enttäuschung iwwert d'Defaite zum Schluss wann dann dach grouss bei der Belsch.

Dem spuenesche Nationalkeeper Unai Simon seng Serie ass wuel no 649 Minutten ouni e Gol geschoss ze kréien, gebrach. Mee La Roja huet lo 36 Matcher net méi verluer a spillt de 14. Juli zu Dallas déi éischt WM Halleffinall géint Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO